"Papp, do brennt et!"Jonk Zwillingen handele séier a rette warscheinlech Mënscheliewen zu Nonnweiler

RTL Lëtzebuerg
Zu Nonnweiler, net wäit vun Tréier an Däitschland, koum et e Mëttwoch den Owend zu engem Brand an engem Haus. Zwillinge vun eréischt 7 Joer hunn e kille Kapp behalen a sech als Helden entpoppt.
© Kevin Schößler

E Mëttwoch den Owend, géint 19:18 Auer, goufen ënnert anerem d'Pompjeeën aus Otzenhausen, Nonnweiler, Bierfeld, Kastel, Braunshausen a Sitzerath iwwert e Brand an engem Gebai zu Nonnweiler informéiert. Am Gebai, sou huet et geheescht, wieren och Persoune gewiescht. Och d'Police, Ambulanzen an den Noutdokter waren op der Plaz vum Brand.

Wéi d'Pompjeeë vun Otzenhausen méi spéit matgedeelt hunn, konnt de Brand vun den éischten Ekippen op der Plaz séier ënner Kontroll bruecht ginn. Dono gouf sech op d'Versuergung vun de betraffenen Awunner konzentréiert. Eng Koppel gouf liicht blesséiert, hire Bouf méi schlëmm.

Schlëmmeres konnt allerdéngs am Virfeld verhënnert ginn, also ier iwwerhaapt déi éischt Pompjeeën oder Ekippen oder der Plaz waren. De 7 Joer alen Noah Blaes wunnt am Nopeschhaus an huet Damp a Flamen aus engem Zëmmer vum Noper komme gesinn. Doropshin ass hien zesumme mat senger Zwillingsschwëster Leonie bei hire Papp, de Florian Blaes, gelaf an hunn hien direkt iwwert d'Feier am Zëmmer informéiert.

De Papp huet direkt den Noutruff gewielt an Hëllef geruff, wärenddeem d'Famill zesumme probéiert huet, d'Awunner vum Nopeschgebai ze warnen. Ënnert anerem gouf no der Nopesch geruff, déi ënnert der Wunneng vum Brand wunnt, a bis dohin näischt vun allem matkritt huet. Zu deem Zäitpunkt koume schonn donkel Damp-Sailen a kleng Flamen aus der gekippter Fënster.

Ma d'Zwillingsgeschwëster wollte weider hëllefen. Si sinn ënnert anerem d'Schlëssele fir hire Papp sichegaangen, dass deen den Auto fir d'Pompjeeë réckele kéint. Duerno hunn déi zwee Kanner fir d'Nopere Still organiséiert a sech dorëms gekëmmert, datt genuch Waasser fir déi do wier. Fir de Papp vun de Kanner war dee Moment aussergewéinlech. Et hätt hien natierlech houfreg gemaach, sot hien duerno.

Um Enn koum déi betraffe Famill nach mat Zäiten aus dem Gebai. Virun allem fir de Bouf vun der eelerer Koppel hätt d'Hëllef net méi spéit dierfte kommen. Hie gouf uerg blesséiert an huet iwwer Nuecht missen op d'Intensivstatioun. D'Eltere koumen enzwousch anescht ënner. Wieren d'Leonie an den Noah net sou séier op de Brand opmierksam ginn, hätt d'Situatioun wuel nach e vill méi tragescht Enn fonnt.

Souwuel d'Pompjeeën, wéi och d'Police huet ausdrécklech nom Asaz Merci gesot, fir déi séier a virbildlech Reaktioun vun de Kanner. Den Noah huet dono gesot, dass hie grouss Angscht hat, dass den Noperen eppes kéint geschéien an dass hien einfach nëmme frou wier, dass jiddereen nees gesond wier. Op alle Fall waren hien a seng Schwëster deen Owend richteg Helden, déi warscheinlech Liewe gerett hunn.

Back to Top
CIM LOGO