
Eng Automobilistin déi vun der Autobunn erof a Richtung Esch Zentrum ënnerwee war, huet en Donneschdeg den Owend an der rue de Luxembourg géint 21 Auer d'Kontroll iwwert hire Won verluer. Dobäi ass si mat hirem Gefier géint en aneren Auto gerannt, deen um Rand vun der Strooss stoung. Beim Opprall gouf dëse Won nach eemol géint en anere Won geschleidert. En Alkoholtest bei der Fra war positiv.
Um "Salzhaff" zu Hollerech ass eng Fra mat hirem Won géint 1.20 Auer an der Nuecht géint e Luuchtepotto gerannt. Dësen ass dunn ofgebrach an op d'Strooss gefall. Si krut de Führerschäin ofgeholl. Hiren Auto huet missen ofgeschleeft ginn, well e sou beschiedegt war.
An zu Nidderaanwen hunn d'Beamte géint 5 Auer de Moien en accidentéierten Auto matten an der Strooss gesinn an deem eng Persoun hannert dem Steierrad geschlof huet. D'Beamten hunn de Chauffer wakereg gemaach. Hien hat däitlech ze vill gedronk a krut de Führerschäin ewech geholl. Och deen Auto huet missen ofgeschleeft ginn.