
Concernéiert sinn déi Studenten, déi hire Studium wéinst der Corona-Kris musse verlängeren oder finanziell Problemer duerch d'Corona-Pandemie kruten.
D’Studentenassociatioun ACEL präziséiert virop, datt all Student zwee „Extra Semester Hëllef“ zegutt huet, sou datt als éischt déi mussen ugefrot ginn. Sinn déi scho vun engem Student opgebraucht ginn, da kann de Student awer wéi gesot och eng weider Hëllef kréien an zwar eng Majoratioun wéinst „graver an exzeptioneller Situatioun“. De Montant vun där zousätzlecher Aide ass 1.000 Euro (500 als Prêt a 500 als Bourse). D’ACEL begréisst den Accord mam Ministère.
Verlängerung vum Studium:
All Student, dee säi Studium opgrond vun der aktueller Kris muss verlängeren, wäert vun engem zousätzleche Semester Bourse profitéiere kënnen, egal, a wéi engem Zyklus ee sech befënnt. Et muss een noweise kënnen, dass d'Pandemie de Grond ass, wisou een de Studium verlängert a keen anere Grond dohannert stécht.
Wichteg ass et hei, dorobber hinzeweisen, dass all Student ee "Bonusjoer" Studiebäihëllef ze gutt huet. Déijéineg, déi dovunner awer scho Gebrauch gemaach hunn, kënnen en zousätzlecht Semester Bourse an Usproch huelen. Zu engem spéideren Zäitpunkt gëtt nach matgedeelt, wéi ee vun dëser Studiebäihëllef profitéiere kann.
Finanziell Problemer:
Och Studenten, déi duerch déi aktuell Situatioun mat finanzielle Problemer ze kämpfen hunn, kréien ënnert d'Äerm gegraff. Dëst gëllt awer just fir déijéineg, déi zum Beispill hire Studentenjob wéinst der Kris verluer hunn. Si kréien d'Méiglechkeet, en "Härtefallantrag" ze stellen. Op Basis vun dëser Demande gëtt decidéiert, ob si vun enger zousätzlecher finanzieller Hëllef profitéiere kënnen oder net.
Konditioun, fir esou een "Härtefallantrag" ze stellen, ass, dass een all finanziell Hëllef vum Cedies an Usproch hëlt, déi ugebuede gëtt. Wann dëst awer net sollt duergoen, fir de Liewensënnerhalt ze finanzéieren, kann e Montant vun 1.000 Euro (500 Euro Bourse a 500 Euro Prêt) accordéiert ginn. Och hei wäerten nach déi néideg Informatioune publizéiert ginn.
