Manuel Cardoso ConstructionsAdem organiséiert Infoversammlung fir Personal no Faillite vu Bauentreprise

RTL Lëtzebuerg
D'Adem wäert an der Suite vun der Annonce iwwer d'Faillite vun der Bau-Entreprise Manuel Cardoso Constructions eng Infoversammlung organiséieren.

Dat op Demande vum Minister Georges Engel a fir d’Salariéeë vum Grupp, esou heescht et an engem Schreiwes vum Aarbechtsministère. Rendez-Vous ass um Mëttwoch um 9 Auer an der Escher Agence vun der ADEM. Residenten an Net-Residente kréien ënnert anerem Informatiounen, fir sech als Demandeur d’emploi anzeschreiwen. Awer och iwwer d’Garantie de créance vum Salarié am Fall vun enger Faillite. An och fir Chômage unzefroen. D’Faillite vun der Bau-Entreprise Manuel Cardoso Constructions ass jo esou gutt wéi gesprach.

Op enger Informatiounsversammlung op Initiativ vum OGBL kruten d’Salariée scho vun de Personaldelegatioune mat den néidegen Demarchen an Dokumenter gehollef. Et lafen och Diskussioune mam Patronat, fir ze probéieren d’Leit an anere Betriber ënnerzekréien. Well Enn der Woch de Congé collectif ugeet, ass d’Saach net méi einfach.

Méi doriwwer an dem Artikel iwwert eisen Invité vun der Redaktioun, Christophe Knebeler.

Back to Top
CIM LOGO