"D’Leit hunn déi Suen zegutt!"
En Dënschdeg de Moie war d'Situatioun vum Bausecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Faillite vun der Bau-Entreprise Manuel Cardoso Constructions ass esou gutt wéi gesprach. Um Dënschdeg ass eng Reunioun tëscht de Personalvertrieder an de Salariéen. Op där Informatiounsversammlung sollen déi Betraffen nach virum Ufank vum Congé collectif, dee jo schonn Enn der Woch ufänkt, mat den néidege Demarchen an Dokumenter gehollef kréien.




"Egal ob de Betrib d’Suen huet oder net: d’Leit hunn déi Suen zegutt", esou de bäigeuerdente Generalsekretär beim LCGB, de Christophe Knebeler en Dënschdeg de Moien hei op RTL. De Gewerkschaftler sot och, aktuell wieren nach 120 Leit vun der Faillite bei Cardoso concernéiert. An de leschte Méint wieren der schonn eng 100 gaangen, well et mat de Paien net méi geklappt huet.
Wéi et am gesamte Bausecteur weidergeet wier iwwerdeems schwéier soen. Zanter Ufank vum Joer hätte scho ronn 50 Betriber Faillitte gemaach. Et wieren awer éischter méi kleng Firme gewiescht. Den LCGB wéisst awer elo vun engem weidere Betrib mat méi wéi 100 Mataarbechter, deen och an de Laberente géing stiechen. De Christophe Knebeler huet sech kloer fir e Plan de maintien dans l’emploi fir de Bau-Secteur ausgeschwat. Natierlech just fir déi Betriber, déi a Schwieregkeete sinn. Dat wiere virun allem déi Firmen, déi reng am Bau vu Wunnengen aktiv sinn, an do dréit et den Ament net.
Konkurrenzautoritéit mat "absurder Verschwörungstheorie"
Den LCGB Gewerkschaftler huet och – genee wéi den OGBL – vu schwierege Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag geschwat. Dat wier awer ëmmer esou, och wann d’Ekonomie gutt gedréint huet. De Christophe Knebeler huet och betount, d’Gewerkschafte géinge keng "irresponsabel" Fuerderunge stellen, mee Mesuren déi souwuel dem Salarié ewéi dem Patron zegutt kéimen. Hien huet als Beispill d’Formatioun genannt. Am aktuelle CCT géing enger Rei Qualifikatiounen net propper Rechnung gedroe ginn, huet hien erkläert. Dat géing dozou féieren, datt eng Rei Betriber sech géingen "iwwerbidden" fir Leit bei sech ze rappen. De Verdacht vun der Konkurrenzautoritéit ugeschwat, datt Betriber am Géigendeel sech géingen ofschwätzen, fir d’Salairen niddreg ze halen, huet de Christophe Knebeler als "en Hohn" an "absurd Verschwierungstheorie" bezeechent.
Schold un der aktueller Situatioun Bausecteur wier senger Meenung no e "Sammelsurium" aus de leschte Joren. Net genuch Terrainen déi mobiliséiert goufen a ginn. An déi rezent Zënshausse wiere just zwee Beispiller. De Christophe Knebeler huet iwwregens d’Fro opgeworf, firwat d’Banken de Leetzëns vun der Zentralbank integral op de Client ofwälzen an dowéinst ëmmer manner Leit sech de Prêt kenne leeschten an dat d’Kris rëm verschäerft.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.