De Grupp Luxair huet zejoert e gutt Resultat gemaach. Speziell de Cargo-Beräich, mat Luxair Cargo, war en historescht Joer. LuxairTours war ganz profitabel, och mam Handling verdéngt ee Suen. Mä d'Airline, also déi normal Vollen, dat ass nach ëmmer e schwieregt Ëmfeld. D'Präisser fale weider an d'Konkurrenz ass grouss, sot um Dënschdeg de Moien den Adrien Ney.
De President a CEO vum Grupp Luxair war eisen Invité vun der Redaktioun.
15 Fluchgesellschafte fléien aktuell vum Findel aus. Konkurrenz wär prinzipiell gutt, mä Iwwercapacitéite wéi z.B. op portugisesche Routen wäre fir kee gutt; d'Luxair huet do eng 4 oder 5 Konkurrenten.
Mat aggressive Präisser an héije Frequenzen (7 mol den Dag op London, 4 mol op München, Mailand oder Wien) kéint ee sech als national Fluchgesellschaft awer wieren. Net all Destinatioun wär rentabel, mä et misst een e komplette Reseau ubidden.
Enn des Joers decidéiert sech, ob d'Luxair seng Flott, also d'Fligeren, erneiert.
Den nächste Wanter flitt d'Luxair och eng éischte Kéier mat enger 737 op Ras al Khaimah, dat ass wéi Dubai, en Emirat, méi e klengen, sou de Chef vum Luxair Grupp.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de President a CEO vum Luxair Grupp.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren