Cour d'appelAffär ëm Gynekolog, deen Alkohol konsomméiert huet, geet weider

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun hirer Formatioun haten zwou Dammen 2015 e Stage beim Fraendokter gemaach an dono iwwer Mëssstänn geklot.

Op der Cour d'appel an der Stad gouf sech e Freiden de Moie mat enger Affär vun Diffamatioun a Calomnie befaasst: Am Abrëll waren an deem Zesummenhank um Stater Geriicht zwou Dokteschen, déi vun engem Gynekolog ugesicht gi waren, fräigesprach ginn.

Affär ëm Gynekolog - Rep. Eric Ewald

Am Kader vun hirer Formatioun haten déi zwou Dammen 2015 e Stage beim Fraendokter gemaach an dono iwwer Mëssstänn geklot. Si haten an hiren Evaluatiounsrapporen dovu geschwat, dass de Gyneko ënnert anerem an der Praxis Schampes gedronk hätt an eng Kéier moies sou voll gewiescht wär, dass hien net hätt kënne schaffen.

Vu Gemengheeten huet de Me. Fränk Rollinger, Affekot vum Gynekolog, e Freiden geschwat, hien hat Appell gemaach géint dat 1. Uerteel. An dëser Affär géif et ëm d'Fro goen, ob et eng Absicht fir ze schiedege gouf, well Alkohol ze drénken inkompatibel wär mam Beruff vum Dokter. De Fait, fir Saachen z'erzielen, déi net wouer sinn, géif e Schued no sech zéien. Hei wär der Éier vu sengem Mandant dann och geschuet ginn, sou de Me Fränk Rollinger.

De Fraendokter hätt als Formateur vu jonke Medeziner verschidde Stagiairë gehat, awer just Suerge mat dësen zwou Fraen. Déi eng hätt hir Aussoen no hirem Stage beim Gynéco vu Februar bis Mäerz 2015 gemaach an déi aner hir, wéi se am Kader vun enger disziplinarescher Affär géint de Gynekolog vum Collège médical gehéiert gouf. Wann et beim Fräisproch vun den zwou Doktesche bléif, da wären hir Deklaratioune confirméiert, huet den Affekot vum Fraendokter ënnerstrach, dee kéint iwwregens net méi als Formateur schaffen.

„D'Wourecht ass vläicht net ëmmer flott ze héieren, mä wat kënnen d'Fraen dofir?“, huet de Me Roby Schons, Affekot vun den Dokteschen, dogéint gefrot. Seng, Zitat, „integer Clienten“ hätte prezis op Froen dozou geäntwert, wat an hirem Stage geschitt ass. De Collège médical hätt sech nämlech gefrot, wat beim Gynéco net klappe géif. Déi Fra, déi ënnert anerem vum Schampes-Drénke vum Dokter geschwat hat, hätt deklaréiert, dass alles, wat si gesinn huet, wouer wär, an och déi aner, déi ausgesot hat, de Mann hätt net kloer schwätze kënnen, no Alkohol geroch a wär fortgaangen, hätt betount, dass si d'Wourecht sot. Dat, wat de Gynekolog gemaach hätt, géif sech net passen an et léiche keng béiswëlleg Absichte vir, mä objektiv Aussoen, huet de Me Roby Schons ervirgestrach.

D'Appellsuerteel ass fir de 5. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO