Cour d'AppelAffekot wéinst Verontreiung bei faillitë Gesellschaften ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Fir de Vertrieder vum Parquet général ass dat 1. Urteel géint een Affekot ze confirméieren. Dee war am Dezember um Stater Geriicht verurteelt ginn.
© AFP Archiv

12-06-2020 Geriicht P. Mousel - 12h30

Dat ënner anerem wéinst Verontreiung a "Prise illégale d'intérêts", an zwar zu enger Geldstrof vu 40.000 Euro. E Freideg an der Mëttesstonn goung op der Cour d'Appel an der Stad den zweete Prozess géint deen Affekot op en Enn.

Viru 6 Méint war nach decidéiert ginn, dass knapp 42.700 Euro an d'Masse vun der Faillite vun zwou Societéiten zréckgoe missten. Dem Mann war virgehäit ginn, tëscht Januar 2002 an Abrëll 2008 als Curateur vun den zwou Gesellschaften, déi 1993 Faillite erkläert gi waren, net korrekt gehandelt ze hunn.

Den Affekot, deen zanter 42 Joer am Beruff ass, hat am Januar 2002 Domiciliatiounskontrakter mat enger SA ënnerschriwwen, wat zum Bezuele vun den net grad 42.700 € gefouert hat, woubäi den Affekot Aktionär vun där SA war.

Déi zwou faillite Gesellschafte waren an der Reassurance aktiv, respektiv Intermediaire, Courtier an Agent a Saachen Assurance a Réassurance. Déi 1. Gesellschaft hat am September 1993 hiren Agrément vum Ministre du Trésor entzu kritt a war am Oktober vun deem Joer faillite erkläert ginn. Déi zweet ee Mount drop. Den Affekot aus enger grousser Etüd um Kierchbierg war vun November 1993 un eleng Curateur vun deenen zwou Faillitten. Déi zwou Societéite ware vu Januar 2002 bis Juni 2008 bei der SA domiciliéiert. Tëscht 2008 an 2012 haten zwee Juge-Commissairen ëmmer nees Informatioune gefrot, si kruten der awer net genuch. Am Oktober 2012 goung den Dossier vun deene Faillitten dunn un de Procureur d’État, wouropshin et zu enger Enquête vun der Police judiciaire koum.

De Vertrieder vum Parquet général huet e Freideg nach emol betount, dass an dëser Affär keng Verjäerung virläit. Géint den Affekot wären d'Infractioune vu Verontreiung a "Prise illégale d'intérêts" zréckzebehalen. Dass keng Prisongsstrof gesprach gouf, dat wär richteg, wéinst der Anciennetéit vun der Affär an dem eidele Casier vum Affekot. D'Geldstrof wär och adaptéiert, woubäi hir Héicht de Riichter iwwerlooss wär. Dogéint hat de Me Rosario Grasso, Affekot vum Affekot, dorop plädéiert, dass d'Verjärung misst zréckbehale ginn. Säi Client hätt de Juge-Commissaire och reegelméisseg iwwer säin Handelen informéiert, hätt sech net beräichert an déi zwou Faillitten "en bon père de famille" geréiert.

D'Urteel gëtt den 21. Juli gesprach.

Back to Top
CIM LOGO