
Vum Prabbeli, iwwert den Telefon, bis hin zu deiere Wäertsaachen - eng 10.000 Géigestänn hunn d’lescht Joer hire Besëtzer an den CFL-Zich verluer. Ronn d’Hallschent dovunner goufe vun den CFL iwwert de Programm “Nova Find” an den Inventaire opgeholl a gemellt.
Op der anerer Säit ass enge 5.000 Leit opgefall, datt si eppes am Zuch leie gelooss hunn. Si hu sech doropshi bei den CFL gemellt, eng 3.000 vun hinnen iwwer den Online-Fundbüro vun der Bunn. Wann d’Sich erfollegräich ass, huet een ee Mount Zäit, seng Saache bei d’CFL sichen ze goen. Vun alle Leit, déi sech wéinst verluerene Géigestänn gemellt hunn, kréien eng 32 Prozent hir Saachen zeréck.
Am heefegste ginn den CFL no Airpods, Studenterucksäck, Smartphonen, Gedrénksfläschen a Mutzen am Zuch leie gelooss. Wann op der anerer Säit kee kënnt, fir ee Géigestand zeréckzefroen, ginn d’Saachen no enger Zäit an d’"Spëndchen”. Vun do aus gi se dann u sozial Organisatioune gespent, wéi d’Caritas oder dat Rout Kräiz. Wäertgéigestänn, wéi elektronesch Geräter a Portmonnien, ginn dogéint un de Policebüro un der Gare geleet.
Deen ongewéinlechste “Géigestand”, deen d’lescht Joer vergiess gouf, war eng Zwerg-Geess, déi um Arrêt Pafendall-Kierchbierg stoe gelooss gi war. No e puer Minutte war hir Besëtzerin glécklecherweis allerdéngs schonn nees op der Plaz.