"Pilier vun eiser Identitéit"Aktiounsplang ëm d'Lëtzebuerger Sprooch gouf an der Chamber virgestallt

Roy Grotz
E Mëttwoch kruten d'Deputéiert d'Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de Mesuren an der Chamber eng éischte Kéier presentéiert.
© RTL Archiv

„D’Lëtzebuerger Sprooch ass geliefte Patrimoine, e Pilier vun eiser Identitéit an eisem Zesummeliewen.” Sou beschreift de Kulturminister Eric Thill den Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen e Mëttwoch an der Chamber virgestallt gouf. D’Deputéiert kruten d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de 50 Mesure aus dem Plang presentéiert.

Annoncéiert gouf och den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen am Hierscht ass, ouni datt e konkreten Datum genannt gëtt.

Interessant Chifferen dann: all Dag kucke ronn 2.800 Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire lod.lu a 6.000 Online-User notzen de Spellchecker.lu. Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch schafft dann och weider un digitalen Hëllefsmëttel, déi eis Sprooch zousätzlech stäerke sollen.

Aktuell gëtt och u Methoden a Material geschafft fir de Leit, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, dat op hire Beruff bezunn, bäizebréngen. Als éischte Schwéierpunkt sinn elo d’Gesondheets– a Fleegeberuffer viséiert.

Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch: Den Eric Thill presentéiert der Chamberkommissioun d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung (15.01.2025)

Communiqué par : Kulturministère

De 15. Januar huet de Kulturminister, Eric Thill, der zoustänneger Chamberkommissioun d’Aarbechte ronderëm den Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. De Minister huet d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de 50 Mesure presentéiert.

An deem Kader sot den Eric Thill: „D’Lëtzebuerger Sprooch ass geliefte Patrimoine, e Pilier vun eiser Identitéit an eisem Zesummeliewen. Mat konkreten Aktiounen an enger staarker Visibilitéit maache mir eis Sprooch nach méi accessibel fir jiddereen. Bei der Ëmsetzung vum Aktiounsplang leeë mir och e besonnesche Wäert op d’Lëtzebuerger Sprooch am Alldag.“

Et gëtt intensiv u Methoden a Material geschafft fir de sëllege Leit, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, dat op eng flott Aart a Weis bäizebréngen, an zwar op hire Beruff bezunn. Dat gëllt besonnesch fir d’Beräicher Santé a Soins, Bildung, Sécherheet, Commerce a Gastronomie. Als éischte Schwéierpunkt goufen elo d’Gesondheets – a Fleegeberuffer cibléiert. Et gëtt och dru geschafft, datt Kanner a Jugendlecher, déi hier Schoulzäit net zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn, Lëtzebuergesch als Friemsprooch kënne léieren. An deem ganze Beräich „Lëtzebuergesch léiere fir jiddwereen“ gouf den aussergewéinlechen Asaz vum Institut national des langues Luxembourg (INLL) ënnerstrach.

En zweete Schwéierpunkt läit op der Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch, souwuel hei am Land ewéi am Ausland, mat Panneauen, enger ambulanter Ausstellung an um Internet. No hiren 23 Statiounen am Inland wäert déi ambulant Ausstellung och an der Groussregioun, esou wéi zu Bréissel, Paräis a Stroossbuerg gewise ginn. Et ass och eng permanent Ausstellung iwwert eis Sprooch an eis Sproochesituatioun virgesinn, déi de Visiteuren op eng attraktiv Aart a Weis den Thema nobrénge soll.

Schlussendlech huet de Minister den Deputéierten d’Fortschrëtter am Beräich Fuerschung an Entwécklung ronderëm d’Lëtzebuergescht presentéiert: All Dag kucke ronn 2.750 Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire lod.lu a 6.000 Leit benotzen de Spellchecker.lu. Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) schafft u weideren digitalen Hëllefsmëttel, déi eis Sprooch zousätzlech stäerke wäerten.

Et gëtt vill gefuerscht an d’Leit sollen d’Resultater vun dëser Fuerschung gewuer ginn. Dofir gëllt de Prinzip, all Fuerschung och op eng attraktiv Aart a Weis dem grousse Publikum zougänglech ze maachen. An deem Kontext huet de Kulturminister schonn op d’Presentatioun vum Lëtzebuerger Wuertatlas 1900 vum Alain Atten den 19. Mäerz 2025 an der Nationalbibliothéik agelueden. Am Hierscht wäert et dann den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn, op deem mer eis Sprooch an eis Méisproochegkeet thematiséieren a feieren.

Back to Top
CIM LOGO