Iran-Krich Inflatiounsspiral an Impakt op Index si Gëft fir eis Wirtschaft

Jeannot Ries
De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen, warnt virun de Konsequenze vun engem Präisschock bei Pëtrol a Gas.
Inflatiounsspiral an Impakt op Index si Gëft fir eis Wirtschaft
De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen, warnt virun de Konsequenze vun engem Präisschock bei Pëtrol a Gas.

Weltwäiten Impakt, well d’Strooss vun Hormus zou ass

“‘Jiddwer Schëff, wat probéiert, duerch d’Mieresenk ze fueren, gëtt a Brand gesat‘’ sou d’Iranesch Revolutiounsgarden. 3 Schëffer goufe schonn eleng iwwer de Weekend getraff. Mam Resultat, datt den Ament de Blockage total ass.

“20 bis 25 % vun der weltwäiter Pëtrolsconsommatioun geet hei duerch, dat nämmlecht gëllt fir den LNG, also de Gas. An och eng ganz grouss Partie vun der Petrochimie gëtt an der Golfregioun produzéiert a muss hei duerch transportéiert ginn.‘’ sou den Eric Bleyer, President Gruppement Energië Mobilitéit Lëtzebuerg

Eng Situatioun, déi op de Weltmäert fir Onrou suergt. De Barrel Brent, dee Pëtrols-Präis, deen en direkten Impakt op onse Portmonnie huet, huet déi lescht Deeg zougeluecht. Op bis zu 84 Dollar. A wat de Krich méi laang dauert, wat d’Nervositéit méi grouss wäert ginn.

‘’Mir kënnen elo net vun Enkpäss ausgoen, wat den Approvisionnement ubelaangt. Do si mer nach net. Am Moment huet de Marché éischter Iwwer-Capacitéite vu Pëtrol. Notamment d’ lescht Joer huet d’OPEC an all déi aner Exportateuren, hunn iwwer 2 ,5 Millioune Barrel den Dag méi an de Marché era geliwwert. Also mir brauchen net ze fäerten, dass elo d’Produiten ausginn. Mee ganz kloer, d’Präisser wäerte klammen. A wann d’Situatioun nach laang weidergeet, da riskéieren d’Präisser nach eng Zäitchen an d’Luucht ze goen.‘’ sou den Eric Bleyer wieder.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt et nach kee Rush op d’Pompel

Anescht ass d’Situatioun zum Beispill an Däitschland, wou Bensinn an Diesel plazeweis iwwer zwee Euro de Liter kaschten. Am Fall, wou sech de Blockage vun der Mieresenk vun Hormus iwwer Wochen zéie géif, kéint sech de Präis vum LNG, also Flësseggas, verduebelen. Gëft fir d’Wirtschaft .

De Generaldirekter Chambre de Commerce, Carlo Thelen erkläert: “De Chômage ass ganz héich zu Lëtzebuerg am Moment. Vill Secteure leiden nach ëmmer. An dofir, dat dote kënnt nach derzou. An der wësst, datt Lëtzebuerg eng kleng oppe Wirtschaft ass. An dofir ass dat doten net gutt, well mer jo och vill Energie mussen importéieren. All eis Energie mussen importéieren. An doduerch riskéiert dat erëm, een zousätzleche Käschten - an Onsécherheetsfacteur ze ginn. ‘’

Energiekäschten, Inflatioun, Index, kee gudde Mix fir d’Betriber. Ass eng Tripartite néideg?

Energiekäschten, Inflatioun, mat spezifesch fir Lëtzebuerg, engem direkten Impakt op den Index, also d’Léin. Op engem Moment, wou d’Kompetitivitéit vu ville Betriber scho leide géif. En Zenario, wou Index a Mindestlounerhéijung, bannent engem Joer eng Hausse vun de Lounkäschte vun 8% mat sech brénge kéint, wier net ze droen.

De Carlo Thelen warnt: ‘’Mir sinn eng oppe Wirtschaft, eng Exportwirtschaft, déi ka sech net erlaben, datt d’Lounkäschte weider esou dervulafen, wann och schonn aner Produktiounskäschte wéi d’Energiekäschten och stramm an d’Luucht ginn. Dofir misst een dann effektiv kucken, fir esou schnell wéi méiglech mat de Sozialpartner zesummen ze kommen, fir esou eng Evolutioun ze antizipéieren an ze kucken, wat fir eng Léisung ee ka fannen.”

Wärend der Ukrain-Kris 2021-22 wiere Moossname getraff ginn, fir den Effet vun Indextranchen ze limitéieren. Wichteg wier et, des Kéier ze antizipéieren. Dat Betriber an Investisseuren a ganz komplizéierten Zäiten eng Planungssécherheet hätten. Eng Inflatiounsspiral wier Gëft fir ons Wirtschaft, déi u sech fir de Rescht schwaach Handelsrelatioune mat där betraffener Regioun huet.

Back to Top
CIM LOGO