Wéi wëll Lëtzebuerg den Erausfuerderunge vum Klimawandel gerecht ginn a sech upassen? Fir op dës Froen ze äntwerten, gouf ënnert der Leedung vum Ëmweltministère eng Strategie mat diverse Mesuren ausgeschafft, fir d’Resilienz vum Land ze verstäerken. Am Cercle Cité an der Stad goufen d’Resultater vun der ëffentlecher Consultatioun an deem Kader presentéiert.
107 nei Propose ware vun de 500 Participanten aus iwwer 160 Organisatiounen, Administratiounen an Entreprisë gemaach ginn. Dës hunn zanter dem Fréijoer zejoert de leschten Aktiounsplang, deen aus 131 Mesurë besteet, evaluéiert. Déi meescht Mesuren hätt een och gutt fonnt, mee se hätten nach e leschte Schlëff gebraucht, sou den Norri Schneider vun der Plattform CELL. An un dësem hu Leit matenee geschafft, déi esou net alldeeglech un engem Dësch sëtzen. Sou zum Beispill Ëmweltaktivisten a Baueren oder ONG-Mataarbechter a Leit aus dem Finanzwiesen. Zesumme koum een zu der Conclusioun, dass verschidde Mesurë komplett am bestoenden Aktiounsplang gefeelt hätten. 107 Propose goufen dem Ëmweltministère proposéiert, 21 komplett nei Mesurë goufen do zréckbehalen.
Eng dovunner ass zum Beispill, dass bei der Educatioun iwwert de Klimawandel an d’Adaptatiounsméiglechkeeten nach Loft no uewe wier. “Dat heescht, do geet et wierklech dorëms, ze verstoen, wat d’Klimakrise sinn. Fir eng ganz Kultur vun der Upassung vu jonkem Alter un ze schafen. Well mir wäerte mat där Upassung musse liewen”, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes ënnerstrach.
E weidere Punkt, deen der Zivilgesellschaft wichteg war, ass dass misst méi mat den Assurancen zesummegeschafft ginn. Dëst, fir dass d’Schied an d’Konsequenze vu zukünftegen Naturkatastrophe kéinte besser quantifizéiert ginn. Da gouf och proposéiert, an ugeholl, fir eng Plattform ze schafen, wou sech d’Regierung, d’Ministèren an d’Bevëlkerung kënnen austauschen. Fir de Prozess weider um lafen ze halen, ginn hei Informatioune publizéiert, wéi Mesuren ëmgesat ginn, respektiv, wou se an hirer Ëmsetzung dru sinn.
31 Moossnamen, déi d’Leit proposéiert hunn, goufen dann net zréckbehalen, well et se schonn am Aktiounsplang iwwer d’Klimaadaptatioun gëtt, respektiv, se dobäi sinn ëmgesat ze ginn. 28 Proposen hu schonn existéiert, mee et gouf decidéiert, se nach eng Kéier ze verstäerken. Bei 27 Moossname goufen et divers Grënn, se net zréckzebehalen.
An enger nächster Etapp gëtt déi ganz Strategie elo nach eng Kéier textuell néiergeschriwwen, ier se fir d’Ofstëmmung an de Regierungsrot kënnt. Dono géingen d’Mesurë weider ëmgesat, ugepasst a verbessert ginn. Ma et wéilt een och permanent nei Mesuren ausschaffe goen, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes betount.