Zanter dem leschten Hierscht steet d’Uni Lëtzebuerg reegelméisseg an de Schlagzeilen. Dat well Mataarbechter bei Journalisten ënnert anerem Harcèlement a Mobbing denoncéieren. An, datt sech bei de Promotiounen a Rekrutementer net un d’Prozedure gehale géif. Virun zwou Woche waren d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an de Recteur Jens Kreisel dowéinst och an der zoustänneger Chamberkommissioun. D’Michèle Sinner huet am Punkt-fir-Punkt am Journal op RTL Télé Erklärunge ginn.
Wat ass drun un de Virwërf?
“Ech hu mer e puer spezifesch Fäll ugekuckt. Do geet et ëm Rekrutementer an Promotiounen. Déi sinn op der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen. Do steet engersäits de Virworf am Raum, datt Leit net promovéiert goufen, well sech eng Persoun géint de Wëlle vun der Doyenne vun där Fakultéit, fir d’Wale fir de Conseil universitaire opgesat huet. An datt d’Doyenne dowéinst géint d’Prozeduren an d’Promotioun agegraff hätt. An dat anert ass e Rekrutement fir Associate Professor, deen de Recteur Jens Kreisel huet missen annuléieren.”
No der Analys vu ganz villen Ënnerlagen an Dokumenter: Wat ass deng Konklusioun?
“No deem, wat ech gesinn hunn, sinn déi Leit, déi Probleemer denoncéieren, ganz credibel. Bei deenen enge wäert iergendwann d’Verwaltungsgeriicht decidéieren. Ma och deen anere Fall ass gutt dokumentéiert: do hat ee Kandidat, deen net an ee Virstellungsgespréich geruff gouf, Plainte beim zoustännege Bureau vun der Uni gemaach. Dee Büro ass selwer zur Konklusioun komm, datt Feeler geschitt sinn. An zwar am Ëmgank mat den Interessekonflikter. Mee et goufen och Krittäre benotzt, fir d’Kandidaten ze sënneren, déi géint d’Prozedure waren.”
Dat sinn effektiv eenzel Fäll. Huet de Recteur net awer Recht, wann en dorop hiweist a seet, et géif kee systeemesche Probleem?
“Datt ech just eenzel Fäll gekuckt hunn, schléisst anerer net aus. Ech hunn nämlech versicht, aner Leit ze kontaktéieren. Mee déi haten Angscht viru Repressioun. A systeemesch ass awer d’Fro, wéi d’Unishierarchie op esou Probleemer reagéiert. A bei dem annuléierte Rekrutement, vun deem ech geschwat hunn, do weist sech: Si reagéiert net gutt. Ech hunn der Uni dozou eng Rei Froe geschéckt. Notamment, fir auszeschléissen, datt d’Virstellungsgespréicher net awer mat deene Kandidaten aus deem annuléierte Prozess géife gefouert ginn. A fir ze wëssen, ob déi Proffen, déi Schold sinn, datt den éischten Tour annuléiert gouf, nees wieren, wann d’Plaz nei ausgeschriwwe gëtt. Dorops krut ech, no villem Hin- an Hier, vun der Uni keng Äntwert. Si hu mer du geschriwwen, si géifen näischt méi soen, bis déi verschidden Auditte gemaach wieren.”
Wien näischt ze verstoppen huet, kéint déi Froen also beäntwerten?
“Nawell. Dat anert, wat ech wärend menger Enquête gesinn hunn, dat ass, wéi d’Hierarchie an hire Reuniounen iwwert Leit schwätzt, déi Probleemer an der Press denoncéieren. An och iwwert d’Press selwer. Dat ass net schmeechelhaft, an do gouf och diskutéiert, ob ee sollt Diffamatiounsplaintë maachen. Et gouf jo och en oppene Bréif verëffentlecht, fir d’"Unisgemeinschaft” z’ënnerstëtzen. D’Iniciatrice dovun huet sech d’lescht Woch bei de Kolleege vum 100,7 opgereegt, elo géife just wéinst journalisteschem Drock Auditte gemaach ginn. Dofir stellen ech fest, datt déi Leit awer e “besonnescht” Verständnis vu Meenungsfräiheet hunn. A vun den Checks and Balances an enger Demokratie. D’Uni krut och elo fir dräi Joer e Budget vun zwou Milliarden Euro. Dat sinn der Allgemengheet hir Steiersuen. Do hätt ech alt gemengt, dann hätt d’Allgemengheet och e Recht, no ze kucken, wat mat deene Milliarde geschitt. Dat kléngt alles net no engem Environnement, an deem et méiglech ass, Kritik ze üben - ouni eng op den Deckel ze riskéieren.”
De Jens Kreisel huet sech op de Conseil universitaire beruff, fir ze soen, et géif kee systeemesche Probleem, do si jo gewielte Vertrieder vu Fakultéiten a Studenten dran.
“Jo, mee ech géif do op de Geschichtsprofesser Benoit Majerus verweisen, deen d’lescht Woch op de Sozialreseaue reagéiert huet. Hien huet justement drop higewisen, datt an deem Conseil meeschtens unanime ofgestëmmt gëtt. An datt ee vun de Konflikter, déi mer beschwat hunn, domat ugefaangen huet, datt sech eng Persoun géint de Wëlle vun der Doyenne opgestallt hat, fir an dee Conseil gewielt ze ginn. Datt déi dat net wollt, dofir hunn ech Beleeger gesinn. Dat ass jo dann eng wierklech oppen an demokratesch Wal, wa just déi sech däerfen opstellen, déi der Doyenne gefalen.”
D’lescht Woch huet d’Ministesch jo nach ugekënnegt, datt de Ministère elo selwer ee Audit iwwert d’Gouvernance vun der Uni maache léisst. Wäerten déi dann Opklärung bréngen?
“Ech sinn do skeptesch. Deen Audit, deen nämlech déi Prozedure soll ënnersichen, déi de Rekrutement an d’Promotioune betreffen, dee gëtt d’Uni selwer an Optrag. An do huet déi iewescht Hierarchie vun der Uni decidéiert, wat gekuckt gëtt. Si ass de Client fir den Audit. Si bezilt och. Dat heescht, si kontrolléiert sech quasi selwer. An dofir ass deen Audit schonn decredibiliséiert, ier et lass geet.”
Et gëtt och Leit, déi sech Suerge maachen, wat d’Konsequenze fir de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sinn.
“Wann een et ganz graff vereinfacht, dann ass d’Fro, déi hei gestallt ass, ob op der Uni virun allem Leit viru kommen, déi sech mat de Cheffe gutt halen. Ob et déi sinn, déi Carrière maachen a Fuerschungsgelder kréien. Oder déi, déi gutt an hirer Aarbecht sinn, och wa se net onbedéngt mam Chef oder der Cheffin d’accord sinn? An engem Milieu wéi der Fuerschung, wou haaptsächlech mat CDDen hantéiert gëtt, ass déi Fro ëmsou méi kriddeleg. Dobäi ass et keen Naturgesetz, datt dem Chef säi Fifi déi beschte Fuerschung mécht. A wa sech ronderëm schwätzt, datt zu Lëtzebuerg Rekrutementer oder Promotioune gedréint géifen, oder gemobbt an harceléiert géif, jo firwat sollen dann déi exzellent Talenter aus dem Ausland hei hi kommen, déi mer sichen?”