D’Reegele si kloer. Wann eng Demande op “Protection Internationale” refuséiert gëtt, mussen déi Betraffe bannent fënnef Deeg d’Strukture vum ONA verloossen. Mee och déi Flüchtlingen, déi als “Bénéficiaire de Protection Internationale” unerkannt ginn, kënnen net éiweg an hirem Foyer bleiwen. Si kréien ee Joer Zäit, fir sech eng Wunneng ze sichen. Duerno ginn och si opgefuerdert, de Foyer ze verloossen. Dat selwecht gëllt fir Flüchtlingen, där hir Situatioun iwwert ee festen Aarbechtskontrakt regulariséiert gouf.
D’Blessing Sajowa koum virun néng Joer aus dem Nigeria op Lëtzebuerg. Hir Demande op Protection Internationale gouf refuséiert. Si krut eng Openthaltsgenemeegung opgrond vun hirem festen Aarbechtskontrakt am Restaurant Chiche!. Si huet elo de Statut vun engem Salarié aus engem Drëttstat, kann deemno net méi an hirem Foyer vum ONA bleiwen: “Ech muss de Foyer den 11. Februar verloossen, also iwwermuer. Ech gouf och menacéiert: ‘Wanns du net gees, komme mir deng Kanner sichen’. Ech hunn hinne gesot, ech géif dorunner schaffen. De Problem hei am Land ass de Logement, ech hunn näischt falsch gemaach.”
D’Blessing verdéngt de Mindestloun an huet véier Kanner tëschent zwee an aacht Joer. Si hat gehofft, mat hirer fester Pai séier en eegenen Ënnerdaach ze fannen, sech zu Lëtzebuerg eng Existenz opzebauen. Mee deen Dram ass geplatzt, wéi si seet. D’Wunnenge wieren ze deier, oder si war mat hire véier Kanner net wëllkomm. Si hätt alles probéiert, mee elo leeft hir d’Zäit fort. Hir gréissten Angscht: dass si e Mëttwoch hir Kanner ofgeholl kritt, wa si effektiv vum ONA virun d’Dier gesat gëtt: “Si huele mir d’Kanner ewech, well d’Kanner net op der Strooss liewe kënnen. Mee ech ka meng Kanner och net ewech ginn. D’Kanner gehéiere bei mech. Wa se mech erausgeheien, däerfe si mir net och nach d’Kanner ewech huelen. Dat ass fir mech ganz ganz schlëmm. Ech kann nuets dowéinst net schlofen.”
Marianne Donven: “Familljeminister huet seng Roll als Minister net verstanen”
Hir Cheffin, d’Marianne Donven, déi selwer staark an der Flüchtlingshëllef hei am Land engagéiert ass, stellt fest, dass den Toun vis-à-vis vun de Flüchtlingen allgemeng méi rau gi wier.
Si seet och, d’Blessing wier keen Eenzelfall. Si hätt vun 197 unerkannte Flüchtlingen héieren, déi an dëse Wochen hire Foyer verloosse missten. Si erkläert, dass d’Flüchtlingen, déi op der Strooss landen, hir Adress verléieren, an domadder och hiren Aarbechtskontrakt an hir sozial Ofsécherung.
D’Marianne Donven huet net nëmmen de soziale Restaurantsprojet Chiche! op d’Bee gestallt, mee si ass och Presidentin vun der asbl Oppent Haus. Si huet sech intensiv mat der Problematik um Wunnengsmaart beschäftegt. Hir ass et wichteg ze ënnersträichen, dass net nëmmen d’Flüchtlingen ënnert den héije Logementspräisser leiden, mee och vill Lëtzebuerger mëttlerweil a prekäre Verhältnisser liewe mussen. Si kritiséiert déi aktuelle Regierungspolitik: “Et muss dréngendst eppes geschéien. Et reegelt sech net méi vum selwen. Et kann een einfach net méi soen, dass een dat dem Privatmarché iwwerléisst, mir ënnerstëtzen en plus nach d’Promoteuren an d’Investisseuren. Et muss elo eppes geschéie fir d’Locatairen. D’Loyere musse gedeckelt ginn, an et muss villméi op de Maart kommen, iwwert d’Regierung an iwwert d’Gemengen, fir dass d’Leit net an esou Situatioune kommen.”
Donieft kritiséiert d’Marianne Donven eng Ausso vum Familjeminister Max Hahn. Deen hätt op enger rezenter Konferenz zu eritreeësche Frae gesot, si hätte jo wësse kéinten, dass zu Lëtzebuerg alles deier wier. D’Marianne Donven dozou: “Dat ass fir mech onméiglech, dass ee kann als Familljeminister de Leit soen, si wieren dofir verantwortlech, wou se géife wunnen. Wann een de Problem net an d’Ae kuckt, a realiséiert, dass all fënnften, vläicht esouguer all véierten, zu Lëtzebuerg schlecht wunnt, oder néierens méi wunnt – dat sinn net nëmme Flüchtlingen, dat si ganz vill Lëtzebuerger – da fannen ech, dann huet ee seng Roll als Minister net verstanen. Well de Minister muss dofir suergen, dass déi Familljen ënnert Daach kommen.”
Familljeministère: “Prozedure vum ONA hunn net changéiert”
De Familjeministère huet op eis Nofro hi confirméiert, dass e Bénéficiaire de Protection Internationale (BPI) no 12 Méint effektiv ee Bréif vum ONA kritt, fir en drun ze erënneren, dass seng Toleranzzäit ofgelaf ass, an dass en de Foyer verloosse muss. D’lescht Joer wier dat an der Moyenne 47 Mol pro Mount passéiert.
De Spriecher vum Ministère präziséiert awer, dass dat net bedeit, dass déi concernéiert Persoun direkt duerno “op d’Strooss gesat gëtt” (oder “déguerpéiert” gëtt, wéi dat am Juriste-Franséisch heescht). Zu engem Déguerpissement géif et eréischt kommen, wann ee Geriichtsurteel decidéiert, dass eng Persoun d’Struktur muss verloossen. Dat wier d’lescht Joer an 8 BPI-Dossieren de Fall gewiescht. Et wier keng Famill mat mannerjärege Kanner dovunner betraff gewiescht, ënnersträich den zoustännege Ministère, deem keng Déguerpissementer bekannt sinn, déi an nächster Zäit ëmgesat solle ginn.
De Familljeminister Max Hahn wäert en Dënschdeg op déi politesch Reprochë reagéieren.