Chaotesch Zeenen an ItalienMaskéiert an arméiert Raiber sprenge Geldtransporter matten op enger Schnellstrooss

Sandy Schmit
Et sinn Zeene wéi aus engem Actionfilm. Tëscht Lecce a Brindisi gouf e Méindeg de Moien op enger vill befuerener Schnellstrooss e Geldtransporter iwwerfall.

Biller, déi mat Hëllef vun engem Handy gefilmt goufen, weisen déi ganz chaotesch Zeene kuerz virun 8 Auer op der Verbindungsstreck tëscht dem italieenesche Lecce a Brindisi, am Süde vun Italien. Do gouf e gepanzerte Geldtransporter ugegraff an et koum zum Schosswiessel mat der lokaler Carabinieri.

Fir de Won zum Stoebleiwen ze forcéieren, goufen e klenge Camion an eng Camionnette matten tëscht déi zwou Fuerbunne gestallt an a Brand gestach. E puer Meter virdrun hate sech 6 bis 8 maskéiert an arméiert Brigange mat hiren Autoen positionéiert. Si hate wäiss respektiv schwaarz Schippen un. Op de Ween ware blo Luuchte fixéiert, wuel fir den Androck z’hannerloossen, et géif sech ëm banaliséiert Policeween handelen. Weider gesäit een op de Biller, wéi dat gepanzert Gefier op eemol an d’Luucht geet. Déi Kriminell haten e gesprengt.

Zum Iwwerfall sollt et um Enn awer net kommen. E Sécherheetsmechanissem aus Schaum am Geldtransporter gouf ausgeléist. D’Brigange sinn doropshi geflücht. Si hunn dobäi aner Automobiliste gestoppt, fir sech mat hire Ween duerch d’Bascht ze maachen.

Wéi et heescht, konnt d’Police zwee vun de Kriminellen afänken a festhuelen. Déi aner wieren nach op der Flucht.

Kengem ass beim Virfall eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO