Internationalen Epilepsie-DagEng Krankheet, déi vill Leit kennen an trotzdeem wéineg verstinn

Chris Meisch
Méi wéi 5.000 Mënsche sinn zu Lëtzebuerg vun Epilepsie betraff. Et ass domat eng vun den heefegsten neurologesche Krankheeten am Grand-Duché. Trotzdeem feelt et an der Bevëlkerung dacks u konkretem Wëssen.

Epilepsie ass eng Krankheet, déi vill Leit kennen an trotzdeem wéineg verstinn. Dat geet aus enger Ëmfro vum ILRES, déi d’Associatioun fir Persoune mat Epilepsie an Optrag ginn huet, ervir. Um Internationalen Dag vun der Epilepsie goufen e Méindeg nei Zuelen an Erfarunge virgestallt, déi weisen, wéi d’Bevëlkerung d’Krankheet gesäit a wou et nach hapert. Zil ass et, d’Leit iwwert dës Krankheet z’informéieren an ze sensibiliséieren.

Welt-Epilepsie-Dag / Reportage: Chris Meisch

Et ass déi heefegsten neurologesch Krankheet a méi wéi 5.000 Leit zu Lëtzebuerg sinn dovu betraff. Epilepsie gehéiert zu deene Krankheeten, déi am Alldag dacks net gesi ginn. Bal jiddereen zu Lëtzebuerg huet schonn emol vun Epilepsie héieren, ma just ee klengen Deel vun der Bevëlkerung weess, wéi een an esou enger Situatioun richteg reagéiert, sou d’Maryse Arendt, Member vun der Associatioun fir Persoune mat Epilepsie.

“D’Hallschent vun de Leit, déi gefrot gi sinn, wëssen net wat ee bei enger epileptescher Kris mécht. Dann hu mir méi am Detail analyséiert ob déi aner Hallschent dann och déi richteg Saache géing maachen. Do war et dann awer esou, dass just nach ¼ vun hinne weess, wat ee bei enger Kris mécht.”

Elleng scho wann den Entourage weess, dass eng Persoun Epileptiker ass, huet déi betraffe Persoun manner Stress a mécht manner Krisen, sou de Jos Voss, President vun der Associatioun. Wann et dann awer zu enger Kris kënnt, kann een se net ënnerbannen.

“Dir kënnt da just dobäi sinn, d’Persoun schützen, andeems een hir eppes ënnert de Kapp leet, oder de Kapp unhieft, fir dass e sech net um Trottoir oder op der Strooss wéideet, an da waarde bis d’Kris ophält. Da bleiwen ech dobäi bis d’Persoun nees uspriechbar ass, an erëm selwer, selbststänneg beweege kann a weess wat se mécht. Wat wichteg ass, ass d’Zäit ze huelen, dat ass wichteg fir ze kucken, wéi laang d’Kris unhält.”

Wann een d’Persoun net kennt, d’epileptesch Kris méi wéi 5 Minutten dauert, oder eng zweet Kris no der éischter rëmkennt, sou nach de President, soll een den 112 uruffen. D’Konferenz iwwert de Welt-Epilepsie-Dag, déi e Méindeg am CHL war, soll d’Leit encouragéieren, an een Éischt-Hëllef-Cours ze goen, fir gewisen ze kréien, wéi ee bei enger epileptescher Kris richteg reagéiert.

Gläichzäiteg wëll d’Associatioun fir Persoune mat Epilepsie domat dozou bäidroen, Virurteeler géintiwwer betraffe Leit ofzebauen an hir Integratioun, besonnesch an der Schoul an am Beruff, ze verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO