
D’Luxair confirméiert eis op Nofro hin, datt wéinst enger technescher Indikatioun decidéiert gouf, dass d’Maschinn, déi um Wee op Barcelona war, zeréck op de Findel soll fléien. Et geet rieds vun enger renger Virsiichtsmoossnam.
D’Maschinn war géint 11.15 Auer um Findel gestart an huet iwwer der franséischer Lorraine d’Kéier gemaach. Den Embraer ass sécher gelant an d’Passagéier goufe vun der Crew informéiert, heescht et vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft.
De Virfall stéing net a Relatioun mat viregen operationelle Problemer.
D’Luxair preziséiert iwwerdeem, datt déi sougenannt “Dispatch-Zouverlässegkeet” bei 98 Prozent léich, “wat fir e Fliger, deen eréischt rezent an den operationelle Betrib gaangen ass, als gutt Leeschtung gëllt”. D’"Dispatch Reliability” moosst an der Loftfaart d’Verhältnes vu pünktleche Starts zu der Gesamtzuel vu Flich.
De Vol géing e Méindeg am Nomëtteg nogeholl ginn, sou nach d’Airline. Aktuell gëtt geschat, datt de Fluch um 18.20 Auer soll erausgoen.
