Immigratiounsminister Max HahnAktuell sti 60 Asyldemandeuren zu Lëtzebuerg op enger Waardelëscht

RTL Lëtzebuerg
Alles an allem waren dann och am Dezember pro Dag am Duerchschnëtt 222 Leit ouni Daach iwwert dem Kapp an der Wanteraktioun.

60 Männer, déi eleng reesen an eng Asyldemande gemaach hunn, waren den 18. Januar op enger Waardelëscht. Dat huet den Immigratiounsminister Max Hahn op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng e Méindeg geäntwert.

Am Oktober d’lescht Joer hat den deemolegen Immigratiounsminister Jean Asselborn jo decidéiert, datt Männer, déi eleng ënnerwee a schonn an engem aneren EU-Land enregistréiert goufen, net direkt an eng Opfangstruktur kéinte kommen. Zanter hir wieren 280 Männer op déi Waardelëscht komm. Aktuell wieren der nach 60 wéi gesot drop. Am Oktober waren et der eng 20.

Weider heescht heescht et an der Äntwert vum Max Hahn, datt tëscht dem 15. November an dem 31. Dezember d’Wanteraktioun am Duerchschnëtt 31 Asyl-Demandeuren pro Nuecht opgeholl huet. Alles an allem waren am Dezember pro Dag am Duerchschnëtt 222 Leit ouni Daach iwwert dem Kapp an der Wanteraktioun.

Maximal konnt d’Struktur um Findel bis Enn vum Joer 250 Leit pro Nuecht ophuelen. D’Capacitéit gouf rezent op 300 an d’Luucht gesat. Donieft goufen Zelter installéiert.

Back to Top
CIM LOGO