
Dass dat an där aktueller Kris nëmme schwéier méiglech ass, schéngt evident, vue dass d'Aktivitéit an de Spideeler immens reduzéiert gouf. Ausserdeem goufen d'Schüler a Studenten, fir déi sougenannt Reserve sanitaire rekrutéiert a schaffen deelweis net do, wou si an hirem reguläre Stage géife schaffen. Dat dierft awer op kee Fall zum Nodeel vun de Schüler a Studente sinn, esou d'Fuerderung vun der Aleps, déi sech iwwer eng schlecht Kommunikatioun tëscht den Enseignanten an den zoustännege Ministèrë bekloen.
An dës schlecht Kommunikatioun hat d'lescht Woch dofir gesuergt, dass Schüler a Studenten, déi fir d'Reserve sanitaire rekrutéiert gi waren, hire Kontrakt vum Staat zwou Wochen éischter gekënnegt krute wéi virgesinn, esou dass déi zwou Wochen als Stage fir hiren Diplom kéinten ugerechent ginn. An deem Fall hätte si weider Aufgaben am Kader vum Covid-19 misse maachen, ouni awer dofir bezuelt ze ginn, ewéi virdrun. Nodeems dëse Problem an engem Artikel vun der Wochenzeitung Woxx public gemaach gouf, ass ee beim Staat zeréckgeruddert an et gouf sech dorobber gëeenegt, dass déi zwou Wochen awer weider bezuelt ginn an en Deel vun de Schüler a Studenten erëm zeréck op déi Plaze kënnen hire Stage maache goen, wou si eigentlech virgesi waren. Et wier nämlech immens wichteg, esouwäit déi sanitär Situatioun et erlaabt, d'Ausbildung net ze vernoléissegen, esou de Gilles Evrard vun der Aleps.
"Eis geet et drëm an dëser Krisesituatioun, fir ze kucken, datt si kënnen hir Formatioun weider maachen esou gutt et geet, fir datt si kënnen hir Objectifs de stage erfëllen a virun allem, datt si kënnen déi Stagë maachen, déi noutwendeg sinn an déi vun der Directive européenne virgeschriwwe sinn, zemools fir d'Infirmiers- an d'Hiewansausbildung. Fir datt si zum Schluss kënnen en Diplom kréien. D'Ausbildung steet fir eis ëmmer am Virdergrond."
Firwat déi aktuell Solutioun net direkt konnt esou fonnt ginn, läit der Aleps no, un der schlechter Kommunikatioun tëscht den zoustännege Ministèren an deene Verantwortlechen um Terrain. Et géif den Enseignanten net nogelauschtert ginn. An dat scho jorelaang.
"An dat ass e Problem fir d'Zukunft vum Land. Mir weisen elo scho Joren dorop hin, datt et wichteg ass, datt mer méi investéieren an déi Formatiounen, datt mer se méi attraktiv maachen, datt si deen Diplom kréien, dee se verdéngen, dat heescht, datt do e Bac+3 kënnt fir den Infirmier mat engem Bachelor-Diplom, wéi dat och an deene meeschten europäesche Länner de Fall ass. Dat sinn eis Uleies, op déi mir ganz vill Wäert leeën."
Bei der Aleps hofft ee weider Rendez-vouse bei deene respektive Ministèren ze kréien. Dat fir all déi oppe Froen ze klären, déi den Ament fir Veronsécherung suergen.
Froen hunn och zwee Deputéiert den zoustännege Ministère gestallt. Op d'Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert den aktuelle Kompromëss erkläert, dat heescht, dass d'Schüler a Studenten an deene leschte Woche vun hirem Kontrakt solle Saache gesinn, déi relevant si fir hire Stage. Eng weider Fro zum Thema koum vum Deputéierte vun de Piraten Sven Clement. Dës gouf awer bis ewell nach net beäntwert.
