
D’Waasserpeegele vun de Lëtzebuerger Flëss dierften an der zweeter Hallschent vum Dag hir Pic’en erreechen. Sou heescht et e Sonndeg de Mëtten an engem Schreiwes.
D’Gewässer géingen all am Nomëtten nees ufänken méi niddereg ze ginn, ausser d’Ënnersauer, déi zu Dikrech an zu Bollendorf eréischt e Sonndeg den Owend hire Pic erreeche wäert. Et kéint awer sinn, datt d’Peegelen e Méindeg mat Momenter nach eng Kéier nees klammen, sou datt ee weider oppasse soll, wann ee laanscht d’Flëss ënnerwee ass.
Aktuell Peegelstänn a Previsioune fannt Dir op www.inondations.lu.
Nieft dem Reen, an de Peegele vun de Flëss, déi heiduerch klammen, gëtt et awer och nach eng Alerte vu Meteolux wéinst dem Wand, dee bis zu 75 Stonnekilometer kann erreechen. Dobäi kënnt da fir e Méindeg tëscht 7 an 18 Auer nach eng Warnung wéinst Schnéi dee wäert erofkommen. Uechter d’Land ass mat 1-2 Zentimeter ze rechnen, woubäi op den Éisleker Koppen och alt emol 5 Zentimeter dra sinn.

D’Cote de préalerte fir d’Uelzecht zu Ettelbréck gouf an de fréie Moiesstonnen erreecht, déi louch bei 180cm. De Peegel ass an den nächste Stonnen nach liicht geklommen, fir duerno awer nees erofzegoen.

Och zu Miersch gouf de Peegelstand am Laf vum Moien d’Cote de préalerte vun 350cm erreecht, duerno awer ass dësen awer nees gefall.

Zu Dikrech ass d’Sauer dann och déi lescht Stonne kontinuéierlech geklommen an huet um 8.30 Auer de Fréi-Warn-Peegel erreecht.

Bei der Musel ass d’Situatioun à Part zu den anere Flëss ze gesinn: d’Waasser klëmmt do vill méi lues an den Niveau ass och deels nach duerch d’Schleisen ze regléieren. Op der Musel gëtt fir e Méindeg bis en Dënschdeg mat Héichwaasser gerechent, do kéint zum Beispill d’Esplanade zu Réimech iwwerschwemmt ginn. Eventuell misst de Schëffsverkéier agestallt ginn, esou de Jean-Paul Lickes vum Waasserwirtschaftsamt eis géintiwwer um Freideg.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?