Gemeng Ettelbréck deelt matD'Waasser geet zeréck, Parking Däich nees op

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 17 Auer hat d'Gemeng Ettelbréck decidéiert, wéinst der Héichwaassersituatioun um Weekend, de Parking Däich ze spären.

Konkret goufen de Parking Däich an de Niveau -1 vum Parkhaus gespaart an d’Leit waren opgeruff ginn, hir Ween do ewech ze huelen.

D’Parkhaus (Niveau 0-3) ware weiderhin iwwert d’Ramp accessibel.

E Méindeg am Nomëtteg huet d’Gemeng Ettelbréck wësse gedoen, dass den Däichparking nees ganz op ass.

Och deelweis fir Waasserbëlleg, huet d’Gemeng Mäertert fir e Samschdeg den Owend d’Awunner opgefuerdert, hir Autoen ze réckelen.

Weider Informatiounen iwwert d’Situatioun vum Héichwaasser gëtt et hei!

Back to Top
CIM LOGO