MeteoluxAlerte rouge um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Et muss ee mat bis zu 39 Grad rechnen, dat virun allem am Süde vum Land, respektiv laanscht d'Musel. D'Warnung gëllt tëscht 13 an 21 Auer.
Alerte rouge um Dënschdeg
Et muss ee mat bis zu 39 Grad rechnen, dat virun allem am Süde vum Land, respektiv laanscht d’Musel. D’Warnung gëllt tëscht 13 an 21 Auer.

Fir den Norde vum Land si maximal Temperature vu 34 bis 36 Grad gemellt. An der Nuecht wäert et wéineg ofkillen, mä e Mëttwoch falen d’Temperaturen dann nees op méi agreabel héich Wäerter.

RTL-Artikel: Plan canicule: Déck Hëtzt - Et bleift bei Recommandatiounen Besonnesch eeler Leit, Kanner a krank Persoune riskéiere gesondheetlech Problemer, allgemeng besteet och d’Gefor vun Dehydratioun oder Hëtzschlag. Et soll ee vill a reegelméisseg Waasser drénken, tëschent 11 Auer moies an 21 Auer owes sou mann wéi méiglech eraus goen, eppes op de Kapp undoen a kierperlech Efforten evitéieren.

Interview mam Meteorolog Lars Dahlstrom vu Kachelmann-Wetter

D’Hëtzt an déi vill Sonn huet natierlech Repercussiounen op d’Ozon-Wäerter an der Loft. Um Dënschdeg ass et gutt méiglech, datt lokal bei den héijen Temperature vu den Informatiounsseuil vun 180 Mikrogramm Ozon op e Meterkibb Loft wäert depasséiert ginn. D’Equatioun “vill Sonn heescht vill Ozon” stëmmt also.

Dovunner geet d’Ëmweltverwaltung an hirem neiste Bulletin aus – et hält een d’Situatioun vun der Loftqualitéit stänneg am Aen. Mëtt der Woch sollen d’Ozon-Tauxen dann nees erofgoen.

Ze héich Ozon-Wäerter hunn Effekter op Mënsch an Déier, vrun allem andeems d’Otemweeër an d’Aen gereizt ginn.

Duerfir gëtt bei sou héije Valeuren ofgeroden, sech onnéideg ze laang dobaussen opzehalen, respektiv sech dobausse kierperlech unzestrengen an d’Vitess-Reduktioune strikt anzehalen.

PDF: Plan canicule - Recommandatioune vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO