Plan caniculeDéck Hëtzt - Et bleift bei Recommandatiounen

Pit Everling
Lynn Cruchten
Andalusesch Temperature brénge Lëtzebuerg un d'Schweessen. Bal 40 Grad sinn definitiv keen Alldag.
Trotz décker Hëtzt bleift et bei Recommandatiounen
Well et déi ganz héich Temperature just iwwert e kuerzen Zäitraum gëtt, gi keng Dispositiounen aus dem Plan canicule declenchéiert.

Trotz den extremen Temperature bleift et vun de Santés- a Waasserautoritéite den Ament bei Recommandatiounen.

Hëtzt zu Lëtzebuerg / De Reportage vum Pit Everling

Och d’Dispositiounen aus dem Plan canicule ginn net declenchéiert, well et déi ganz héich Temperature just iwwer e kuerze Zäitraum gëtt, seet d’Dr. Anne Vergison, Chef de Division vun der Inspection Sanitaire.

“On a de la chance parce qu’on est dans un pic de chaleur, on n’est pas dans un épisode persistant qui dure plusieurs jours et qui pourrait arriver à une canicule, si ça s’aggrave.”Och nuets killt et of, wat ganz wichteg wier. Sollten déi héich Temperature méi laang undaueren, spillt de Plan canicule, deen zënter Ugangs Juni en Place ass. Do kënnen d’Alerte Orange oder Rouge declenchéiert ginn. Dee Moment schaffen ënner anerem d’Santé, de Familljeministère, de CGDIS, d’Fleegereseauen an d’Klinicken zesummen an huele konkret Mesuren. Lo bleift et mol bei Recommandatiounen

“Tout qui reste dehors est à risque. Il faut faire attention à ne pas s’exposer trop directement au soleil. Il faut rester dans des endroits frais et aérés un maximum de temps possible et bien s’hydrater.”
Wa mer beim Drénk-Waasser sinn: d’Waasserverwaltung huet schonn d’lescht Woch eng Phase de vigilance declenchéiert an déi üblech Spuermesurë rappelléiert. De Luc Zwank, Directeur Adjoint vun der Waasserverwaltung:

“De Krunn zoumaachen. De Gaart cibléiert netzen, de Wues net. Éischter an d’Dusch goen ewéi an d’Bidden. Den Auto an der Wäschanlag wäschen an net doheem mam Schlauch.”

Aktuell gëtt et nach genuch Drénkwaasser-Reserven. Déi héich Temperature sinn eigentlech och kee Problem fir d’Qualitéit vum Drénkwaasser. Se bekommen de Flëss an de Fësch awer manner gutt. Wann et lo bei de Mesurë méi wäit geet, da läit de Ball bei de Gemengen.

“An der Phase de vigilance sinn dat Recommandatiounen. Wann eng Phase rouge deklaréiert gëtt, do gëtt et dann zu enger Obligatioun. Do ass et awer dann un de Gemengen, fir dat via règlement communal ze dekretéieren.”

Am Moment sinn iwwregens och d’Ozonwäerter zwar am Gaang ze klammen, mä se sinn awer nach net alarmant.

Back to Top
CIM LOGO