Fir datt am Wanter kee muss dobausse schlofen, gëtt et d'Wanteraktioun, déi vum Familljeministère koordinéiert gëtt. Dëst Joer – elo bei den äiskalen Temperaturen - war de Nuetsfoyer um Findel awer eng éischte Kéier voll, seet d'Alexandra Oxacelay, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss.
D'Invitée vun der Redaktioun schwätzt souwisou vun enger Noutléisung, méi kleng Strukture wieren déi besser Solutioun.
Et kéint een net acceptéieren, datt a sou engem räiche Land wéi Lëtzebuerg Leit op der Strooss schlofen. Leider wier et dacks och sou, datt déi Concernéiert net wëlle vun de Better profitéieren, déi zur Dispositioun stinn.
Et misst nach vill gemaach ginn, de politesche Wëlle wier jiddefalls do, och d'Solidaritéit zu Lëtzebuerg wier grouss, seet d'Alexandra Oxacelay. Leider géif et awer u Personal feelen a leider géingen d'Problemer um Terrain méi séier evoluéieren ewéi d'Léisungen.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien um kuerz no 8 Auer war d'Alexandra Oxacelay, d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren