Aus dem PolicebulletinAlkohol ee vun den heefegste Facteure fir schlëmm Accidenter

RTL Lëtzebuerg
2022 war Alkohol warscheinlech d'Haaptursaach fir 16 Prozent vun de schwéiere Verkéiersaccidenter an 43 Prozent vun den déidlechen Accidenter.
© Lucien Koneczny

Alkohol huet e staarken Afloss op de mënschleche Kierper, op d’Vue an op d’Reaktiounszäit. Fir méi genau ze sinn, klëmmt eis Risikobereetschaft vun 0,2 Promill un. Ab 0,3 Promill kënnen d’Opmierksamkeet, d’Konzentratioun an d’Ermiddungsresistenz noloossen. Och neuromuskulär Stéierunge kënnen optrieden. Vun engem Wäert vun 0,5 Promill un, schwätzt ee vu klore Verännerunge vun eiser Perceptioun, enger verlängerter Reaktiounszäit, Koordinatiounsschwieregkeeten an enger ageschränkter Vue.

Virun allem elo an der Fueszäit appelléiert d’Police drun, Alkohol a Moossen ze consomméieren a sech op kee Fall hannert d’Stéier ze setzen, wann een ze déif an d’Glas gekuckt huet. An dësem Kontext gëtt recommandéiert, op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. Och vill Gemengen organiséiere speziell Transporter am Kader vun de Fuespartyen a Kavalkaden.

Weider soll een op de Feieren seng Saachen a säi Gedrénks am A behalen an op Täschendéif oppassen. Opfälleg Persounen an Objeten si wéi gewinnt dem 113 ze mellen.

Fir d’Fuesent annoncéiert d’Police eng verstäerkt Presenz, ënner anerem bei Manifestatiounen, awer och laanscht d’Strooss. Ënner anerem wäerten et dann och Alkoholkontrolle ginn.

Back to Top
CIM LOGO