
D'Police hat e Samschdeg um 15.20 Auer e Chauffer ugehalen, dee mat sengem Auto am Zickzack vun Heischent a Richtung Feelen ënnerwee war, an de Spigel vun engem aneren Auto beschiedegt hat. D'Persoun hannert dem Steier hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl. Well si keng valabel Assurance dobäi hat, gouf et och nach e Protokoll.
E Sonndeg de Moie ganz fréi géint 1 Auer war e Chauffer vill ze séier iwwert de Site vun enger Tankstell op der Escher Autobunn gerannt an hat dobäi bal e Passant mat ewech geholl. Wéi hien de Policeauto erbléckst huet, huet hie Gas ginn a wollt sech iwwer d'A4 duerch d'Bascht maachen.
D'Police hat d'blo Luuchten um Dag an d'Sireenen un, ma de Chauffer huet weider Gas ginn. Eréischt zu Leideleng konnt e gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv. Et gouf e Protokoll.
Um 2.30 Auer e Sonndeg de Moien zu Esch-Belval an der Strooss vun der Eisebunn hat d'Police och en Automobilist erwëscht, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat. Hie gouf protokolléiert.
An um 5.15 Auer e Sonndeg de Moie krut d'Police en Accident mat Fahrerflucht zu Weiler zum Tuer an der Strooss a Richtung Schlammestee gemellt. Op der Plaz hunn d'Beamten en Auto erbléckst, dee laanscht gefuer ass, an dee staark beschiedegt war. Et war de Chauffer, dee geflücht war.
D'Polizisten hunn de Chauffer dunn op engem Feldwee fonnt. An hie war ufanks aggressiv, wéi am Bulletin vun der Police steet. Hien hat ze vill gedronk a krut säi Permis ofgeholl. Béid accidentéiert Ween si staark beschiedegt ginn.