
E Samschdeg de Mëtteg géint 12 Auer ass enger Patrull op der N1 zu Gréiwemaacher ee Won opgefall, deen extrem lues aus enger Parkplaz erausgefuer ass an dobäi schonn an der Géigeverkéier gerode war. No e puer Meter ass de Fuerer nach eemol an de Géigeverkéier gefuer, sou datt et bal zu engem Zesummestouss mat engem aner Auto koum. D’Police huet doropshin decidéiert, de won ze stoppen, bei der Kontroll huet een du misse feststellen, datt de Chauffer alkoholiséiert war.
Géint 20 Auer e Samschdeg den Owend gouf der Police en opfällege Won zu Réimech gemellt. D’Beamten hunn och misse feststellen, datt de Chauffer a Schlaangelinnen ënnerwee. No e puer Versich, de Won ze stoppen, ass dat dunn och gelongen an och hei hat de Fuerer Alkohol konsuméiert. D’nämmlecht war et och bei engem Automobilist an der Fiels.