
Wéi si gemierkt huet, datt si an enger Sakgaass wier, wollt si an enger Wiss d'Kéier maachen. Den Auto ass am Bulli stieche bliwwen. Wéi d'Police op d'Plaz koum huet sech eraus gestallt, datt Alkohol am Spill war.
An der rue des Scillas um Houwald krut e Freideg am Nomëtte géint 16 Auer eng Fra hir Posch aus dem Grapp gerappt.
Si ass op de Buedem gefall. Zwee Täter si fort gelaf. D'Posch gouf méi spéit net wäit ewech an engem Park fonnt.