PoliceAlkoholiséiert Persoune mussen a Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne krut d'Police eng Rei Persoune gemellt, déi ënnert anerem duerch hiren alkoholiséierten Zoustand opgefall sinn.
© Police

Well d’Persounen an all de Fäll den Ordre public gestéiert hunn a si an hirem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an aner waren, koume si fir d’Ausniichterung an den Arrest.

Dëst war beispillsweis de Fall en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg. Hei krut d’Police eng staark alkoholiséiert Persoun op enger Spillplaz op der Héicht vun der Avenue Montery an der Stad gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamten de Mann ugetraff. Well hien opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer war an den Ordre public gestéiert huet, gouf hien am Passagearrest ënnerbruecht.

En Donneschdeg den Owend krut d’Police dann och nach eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi an engem Café an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier randaléiert huet. Well hien der Opfuerderung net nokomm ass, fir de Café ze verloossen, d’Ëffentlechkeet gestéiert huet an och eng Gefor fir sech an anerer war, huet och hien d’Nuecht am Passagearrest misste verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO