Kee Permis a verurteeltAlkoholiséierte Chauffer mat Fuerverbuet bis 2036 gouf verhaft

RTL Lëtzebuerg
Donieft mellt d'Police nach weider alkoholiséiert Automobilisten an eng gréisser Kontroll op engem Tuningtreffen op der Kockelscheier.

Zu Mamer ass um Freideg den Owend géint 11.30 Auer en Auto kontrolléiert ginn. De Chauffer hat ze vill gedronk an et  huet sech erausgestallt, datt et méi Fuerverbueter géint de Mann gouf, bis 2033 respektiv 2036. Donieft louch och nach eng Prisongsstrof vu 6 Méint géint hie vir. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous virun der Untersuchungsriichterin.

Géint 22h40 krut d'Police en Automobilist gemellt, deen iwwert d'Iechternacherstrooss an den CR126 enorm séier ënnerwee war. Donieft ass de Mann e puer Mol an de Géigeverkéier an an de Gruef geroden an huet e Stroosseschëlder mat ewech geholl. Couragéiert Zeien haten dem Automobilist op enger rouder Luucht de Schlëssel ofgeholl. D'Beamte konnte feststellen, datt de Mann däitlech ze déif an d'Glas gekuckt hat. Wéinst sengem Behuele géintiwwer de Polizisten huet hien d'Nuecht um Policebüro dierfte verbréngen.

RTL-News: Déifferdeng - E Bëss vun engem Hond huet zu enger Kläpperei gefouert Kuerz virdrun war um CR356 bei Waldbëlleg e Chauffer vun der Strooss ofkomm. Als éischt krut hien e "Kazena" ze paken an de Fiels, wéier hien op déi aner Stroossesäit geschleidert gouf an do an e Gruef gerode war. Och hien hat ze vill gedronk.

Duerch seng opfälleg Fuerweis war e Chauffer géint 2.30 Auer enger Patrull an der Fiels opgefall. D'Gefier gouf gestoppt an de Chauffer kontrolléiert. Och hei war vill Alkohol am Spill.

Um fréie Moien du gouf zu Schëffleng an der Rue du Moulin en Auto gesinn, dat zwar ofgestallt war, ma wou d'Luuchten an de Motor nach uwaren. Och hei war de Chauffer staark alkoholiséiert.

Eng grouss ugeluechte Policekontroll gouf et de bei engem sougenannten Tuningtreffen op der Kockelscheier géint 20 Auer. Am ganzen goufen 120 Gefierer kontrolléiert. D'Police huet 20 Avertissement taxé an ee Protokoll geschriwwen. 4 Leit musse mat hirem Gefier op de Contrôle technique goen, well verschidde Saachen net an der Norm waren. Deen Automobilist war ouni Führerschäin ënnerwee. Deen Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO