
Wéi d’Police mellt, gouf hinnen e Sonndeg am Nomëtteg en Automobilist an der Rue de Colmar-Berg zu Miersch gemellt, dee wuel ze vill gedronk hätt. Kuerz drop huet eng Patrull de Chauffer konnten untreffen a kontrolléieren. Duerch dat positiivt Resultat vum Alkoholtest hunn d’Beamten e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
De selwechten Owend gouf e Chauffer op der Héicht vum Fridhaff gemellt, deen am Zickzack ënnerwee war a bal en Accident hat. Um Parking vum Parc Hotel zu Dummeldeng konnt den Automobilist schlussendlech gestoppt ginn. Och dëse Chauffer huet däitlech alkoholiséiert geschéngt, wouduerch d’Beamten en Alkoholtest mat him gemaach hunn. Och hei war d’Resultat positiv an de Chauffer huet de Permis missen ofginn.