
D'Police koum grad un, wéi de Mann, mëttlerweil ouni Aaxt, op e puer Foussgänger wollt lassgoen. De Beamten ass et gelongen de Mann z'immobiliséieren an him Handschellen unzedoen.
Hien hat an der Avenue Dr. Gaasch op d'mannst 13 Säitespigele vun Autoe futti geschloen an ee Stroosseschëld beschiedegt.
Och um Wee an d'Ausniichterungszell hat de Mann sech net am Grëff an huet d'Poliziste beleidegt. Donieft huet hie sech selwer därmoossen hefteg mam Kapp widder d'Bäifuererdier geschloen, dass him, wéi d'Police präziséiert, seng drëtt Zänn aus dem Mond gefall sinn.
D'Aaxt, déi Zeie gemellt haten, gouf bis ewell nach net fonnt.
