Huet Passanten op engem Tramsarrêt ugepöbeltAlkoholiséierte Mann koum no enger Kontroll an den Arrest

RTL Lëtzebuerg
De Mann war bei enger gréisserer Policekontroll am ëffentlechen Transport opgefall.
Poliziste bei der Kontroll um Tramsarrêt op der Stater Gare.
© Police

En Donneschdeg huet d'Police eng gréisser Kontroll an den ëffentleche Verkéiersmëttel an der Stad gemaach. De Fokus louch um Tram an op den Arrêten op der Gare, der Paräisser Plaz an dem Hamilius. Wéi et vun der Police heescht, wier et d'Zil vun der Kontroll gewiescht, d'Sécherheet respektiv déi allgemeng Policepresenz am ëffentlechen Transport ze garantéieren.

Am Kader vun der Kontroll ass de Beamten dann op der Héicht vun der Place de la Gare e Mann opgefall, dee sichtlech alkoholiséiert war. Dësen huet Leit, déi aus dem Tram geklomme sinn, ugepöbelt. Well hien déi ëffentlech Uerdnung gestéiert huet, koum hien no enger medezinescher Kontroll an d'Spidol.

Am Ganze waren zéng Lëtzebuerger an zwee rumänesch Polizisten un der Kontroll bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO