GiewelAlkoholiséierte Mann leet sech niewent säin Auto a schléift eng Ronn

RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vun der Villa Romaine zu Giewel hu Polizisten de Mann en Donneschdeg de Moie géint 2.20 Auer entdeckt.

Hie louch wéi gesot niewent sengem Auto amgaange mat schlofen. No engem positiven Alkoholtest gouf den Auto immobiliséiert, de Permis gouf agezunn an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

E Mëttwoch géint 22.50 Auer huet d’Police dann e Gefier zu Mäertert kontrolléiert. En Alkoholtest vun der Fuererin war och hei positiv. Hei waren och d’Pabeieren net an der Rei, ënnert anerem d’Steiervignette, déi net méi gëlteg war. Och louch e Fuerverbuet géint si fir, wouduerch dann Auto dann och op Uerder vum Parquet confisquéiert gouf.

Um 1 Auer an der Buecht op en Donneschdeg ass der Police dann e weidere Chauffeur opgefall, dee wuel ënner Alkoholafloss gefuer ass, dat zu Ettelbréck. Och hei war den Test positiv. Den Auto gouf immobiliséiert, de Permis war d’Persoun lass.

An der Rue de Strasbourg am Garer Quartier koum et e Mëttwoch iwwerdeems géint 16 Auer zu enger Festnam wéinst Drogebesëtz. Bei enger verdächteger Persoun goufen eng Rei Droge-Plëmb fonnt, dorënner 3 Kugelen Heroin, 3 Kugele Kokain an ee Stéck Haschisch. Op Uerder vum Parquet a well de Verdacht bestanen huet, datt déi verdächteg Persoun mat dësen Droge gehandelt huet, gouf se festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO