
D’Reprochë waren an der Lescht an der Press an dofir hunn de Minister an den Direkter gemengt, et wier gutt vu sech aus an d’Kulturkommissioun vun der Chamber ze goen. Anescht wiere se och invitéiert ginn, well déi Gréng hate schonn eng Demande gemaach. Den Eric Thill huet virop explizéiert, datt den CNA an engem Transformatiounsprozess ass an datt et dowéinst zu Diddeleng eng Rei Defie gëtt. Mat Mobbing, seet de liberale Minister, soll een net liichtfankeg ëmgoen.
“Vun deenen insgesamt 62 Mataarbechter a Mataarbechterinnen hunn zwou Persounen, an deem se eng formell Protektiounsprozedur an deem Kontext initiéiert, dat heescht konkreet, dass bis ewell zwou Persoune gesot hunn, dass déi Affer vun Harcèlement gi sinn an hunn deementspriechend eng Prozedur lancéiert. Dat ass am ganzen Zäitraum ofgelaf vun Dezember 2023 bis haut.”
Zwee Mataarbechter, déi eng Prozedur lancéiert hunn, mee et kann een net ausschléissen, datt net jiddereen déi Energie oder dee Courage hat. Den David Wagner vun déi Lénk huet aner Zuelen, och wann dat keng offiziell Prozedure sinn.
“Mir kruten eeben eng Zuel genannt vun ongeféier zéng, wéinstens zéng Leit, déi e Signalement gemaach hunn. Bon, duerno, Dir wësst jo wéi schwéier et ka sinn an enger Struktur, da mécht een, da léisst ee vläicht d’Saach sinn an esou weider, well ee keng weider Problemer wéilt hunn an esou weider. Mee wann dat esou wier, wann dat stëmmt, datt zéng Signalementer gemaach gi wieren, dann ass dat och schonn e Problem. Mir wäerte jo och iwwert déi Leit, déi Persounen, déi op engem Responsabilitéitsposten zënter September 2023 demissionéiert hunn, mir wäerten och nach deemnächst an enger anerer Kommissioun diskutéieren.”
Dat ware véier Persounen. De Minister sot no der Kommissioun, datt eng vun hinnen an d’Pensioun gaange wier an eng sech an eng aner Verwaltung versetze gelooss hätt. Op alle Fall sinn déi Leit fortgaangen, nodeems am Kader vum Transformatiounsprozess aus zéng Responsabilitéitsposten der véier gemaach goufen. Déi Missiounen, déi dem LSAP -Deputéierte Georges Engel ze denke ginn.
“Wann ee vun deenen 10 Poste à responsabilité ausgeet, da si véier Leit, déi dann op eng aner Plaz ginn, da sinn dat 40%. Dat ass, fannen ech, enorm vill. An dat ass och kee gutt Zeeche fir den CNA. Wann et do aner Ursaache ginn, da muss een dat analyséieren. Mee wann et Ursaache sinn, dass et wierklech Dysfonctionnementer sinn oder dass et net gutt am CNA schaffen ass, da mengen ech muss een dat ganz, ganz séier analyséieren.”
De Kulturminister huet am Mäerz d’lescht Joer eng Etüd maache gelooss, fir ze kucken, wéi zefridden d’Mataarbechter sinn an déi Momentopnam war net an all de Beräicher gutt. Den Eric Thill nennt d’Kommunikatioun, d’Participatioun an d’Transparenz. Et gëtt och nach eng Analys vun de psychosoziale Risike gemaach an et gëtt e Comité d’accompagnement geschaaft. Ob deen elo d’Léisung fir all Problem ass, ass vu bausse schwéier ze soen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.
“Ech mengen, dass et zumindest net verkéiert ass, fir do e Begleetgremium en place ze setzen, och nach eng Kéier, fir dat e bësse méi Distanz, e bësse méi vu Bausse kënne mat ze begleeden an ze kucken an da letztendlech kann esou e Comité d’accompagnement, wann ee Saache feststellt, souwuel a Gespréicher mat der Direktioun wéi och mat de betraffene Mataarbechter, och duerno dem Ministère, déi néideg Recommandatioune maache fir effektiv d’Situatioun ze verbesseren.”
An enger weiderer Kommissiounssëtzung kréien d’Deputéiert nach zousätzlech Erklärungen iwwer d’Étude de satisfaction, déi zejoert gemaach gouf. Déi Sëtzung ass awer an engem Huis Clos.