Parquet freet Verdueblung vun der StrofNotaire hätt Hierkonft vu Suen net gepréift bei Immobiliekaf

Diana Hoffmann
D’Notaire Karine Reuter muss sech dës Woch fir d'zweet viru Geriicht am Appell wéinst dem Reproche vum Verstouss géint d’Blanchiment-Gesetz veräntwerten.
Symbolbild: D’Stater Geriicht vu bannen
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

An éischter Instanz war d’Karine Reuter zu enger Geldstrof vun 100.000 Euro verurteelt ginn, well si 2017 Immobiliegeschäfter mat dubiéisen Investoren aus dem Aserbaidschan soll gemaach hunn, ouni d’Suergfaltsflicht vun hirem Beruffsstand ze berécksiichtegen. An zweeter Instanz freet de Parquet général elo eng Augmentatioun vun der Strof op 200.000 Euro.

Notaire am Appell wéinst Vertouss géint Blanchiment-Gesetz / Rep. Diana Hoffmann

An der Affär geet et ëm e puer Immobilien an der Haaptstad an zu Bartreng, wou d’Karine Reuter d’Notaire fir den Akt war. Investisseuren aus dem Aserbaidschan, déi Resident am Grand-Duché sinn, wollten dës kafen.

D’Transaktioune sollen tëscht dem Kont vun zwou Societéite bei der ABLV-Bank an dem Firmekont vun der Karine Reuter, déi d’Geschäft ofgewéckelt huet, gewiescht sinn. Der Notaire gëtt reprochéiert hei keng Risikobewäertung gemaach ze hunn, wéi d’Blanchiment Gesetz vun 2004 virgesinn huet, fir erauszefannen, wou d’Suen hierkéimen.

De Parquet hat an éischter Instanz gemengt, dass si sech bei engem Verdacht hätt missen un d’Cellule de Renseignement Financier (CRF) riichten. D’Transaktioun hätt eigentlech misse verweigert ginn. De Parquet général huet an zweeter Instanz nach eng Kéier ënnerstrach, dass d’Responsabilitéit fir d’Hierkonft vun de Suen ze préiwen, bei der Karine Reuter geleeën hätt. Si hätt dat misse bei hire Clienten nofroen.

Der Karine Reuter hir Affekotin Lydie Lorang huet dem Text vun de Blanchiment-Richtlinnen dann e “Flou artistique” ënnerstallt. Et wier net präziséiert, wat zum Beispill eng verdächteg Operatioun wier oder wat Ursaache fir Zweiwele wieren. De Procureur général huet drop higewisen, dass dat an de Gesetzer dacks de Fall wier, wou Terme wéi zum Beispill raisonnabel genotzt géinge ginn. Mee et misst een am Ganze kucken.

Eréischt no de Faiten 2017 war opgrond vun enger Analys vun der CRF erauskomm, dass et sech bei de Societéiten ëm international Offshore Firme géing handelen. D’Affekotin vun der Karine Reuter sot an hirer Plaidoirie, dass et sech bei de Proprietäre vun de Societéiten ëm Aserbaidschaner gehandelt hätt, déi Residenten hei am Land wieren. Hir Mandantin hätt och d’Existenz vun de Societéite verifizéiert, a kee Grond gehat, de Verdacht ze hunn, dass Blanchiment kéint virleien. Si freet de Fräisproch.

D’Urteel am Appell gëtt den 22. Abrëll gesprach.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO