UNICEF LëtzebuergAll véiert Kand zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff

Monica Camposeo
Fanny Kinsch
UNICEF Lëtzebuerg huet e Mëttwoch e Rapport iwwert d'Kanneraarmut vum Centre de Recherche Innocenti virgestallt.
All véiert Kand zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff
UNICEF Lëtzebuerg huet e Mëttwoch e Rapport iwwert d’Kanneraarmut vum Centre de Recherche Innocenti virgestallt.

Rapport Kanneraarmut / Reportage Monica Camposeo

Lëtzebuerg schneit am OECD-Verglach net gutt of

De Grand-Duché ass souguer dat Land, dat verglach mam PIB am meeschte fir Familljeleeschtungen ausgëtt. Ma awer leie mir, wat de Risiko vu Kanneraarmut ugeet am ënneschte Beräich. De Rapport huet 39 Länner aus der EU an der OECD, also relativ räich Länner, matenee verglach. An do kënnt Lëtzebuerg op déi 35. Plaz.

“Et geet eis net ëm eng Utopie”, sot de Paul Heber, Spriecher vun der UNICEF, zum Rapport iwwer d’Kanneraarmut. “Mir vergläiche Länner mateneen a wa verschidde Länner, déi Ähnlechkeete mat Lëtzebuerg hunn, besser do stinn, da misst dat fir de Grand-Duché och méiglech sinn.” Kanneraarmut bleift nämlech och hei am Land e Problem. Net nëmmen ass Lëtzebuerg ganz zum Schluss vum Klassement, mä et ass souguer méi schlëmm ginn.

D’UNICEF huet d’Situatioun als Zäitbomm, déi amgaang ass ze ticken, definéiert. Et misst elo vun uewen erof eppes geschéien, well déi sozial Kohesioun soss géing riskéieren ze zerbriechen. Dowéinst bedauert d’Organisatioun, dass d’Kanneraarmut am Koalitiounsaccord net ernimmt gëtt.

Aarmut huet Impakt op schoulesch Leeschtungen, esou OKaJu

De Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, huet nach betount, dass Aarmut och en Impakt op déi schoulesch Leeschtunge vun de Kanner huet. Et ass deemno net nëmmen déi materiell Aarmut, déi d’Kanner betrëfft, mä och eng mental Laascht, déi dorausser entsteet. Besonnesch schlecht fir den Zesummenhalt an der Gesellschaft wier, dass Leit, déi net schaffe ginn, vun der Gesellschaft ausgeschloss sinn. 40 Prozent vun de Revis-Beneficiairen hu manner wéi 25 Joer, präziséiert den OKaJu. Dat ass 10 Prozent méi, wéi nach 2001. D’Situatioun huet sech deemno verschlechtert an et liewen elo nach méi Kanner an engem Stot, deen op de Revis ugewisen ass.

Back to Top
CIM LOGO