Op de StroossenZwee Accidenter mat am Ganzen dräi Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegowend waren d'Secouriste vum CGDIS zwee Mol wéinst Accidenter am Trafic am Asaz.
Symbolbild vun enger Brëtsch an enger Ambulanz
An der Stad an zu Péiteng waren Automobilisten an Accidenter verwéckelt.
© Laurent Weber

Géint 20:15 Auer krute sech an der Rue Adolphe Fischer am Stater Garer Quartier zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz.

Zwee Blesséierter gouf et dann, wéi en Automobilist um 23:51 zu Péiteng an der Route de Luxembourg mat sengem Auto an e geparkten Auto gerannt ass. D'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng a vun Esch, grad ewéi d'Pomjeeë vu Péiteng waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO