
Zu Esch-Uelzecht waren déi lokal Rettungsdéngschter geruff ginn, nodeems et géint 12.30 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt huet. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.
Op der A1 hat et en Donneschdeg direkt e puer Mol gerabbelt.
Kuerz viru 15 Auer goufen zwou Persoune blesséiert, wéi sech op der A1 a Richtung Houwald zwee Ween ze pake kruten. D’Ambulanciere vum Findel, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper waren um Asaz.
Beim zweeten Accident géint 16.18 Auer koum et op der A1 op der Héicht Sennengerbierg zu enger Kollisioun tëscht véier Autoen, bei där et am Ganzen 3 Blesséierter gouf.
Am Quartier Weimeschkierch war ëm déi selwecht Auerzäit e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Ambulancieren aus der Stad.