PéitengAn Autosgarage agebrach a groe BMW Z4 geklaut

RTL Lëtzebuerg
Um 4.40 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf zu Péiteng an der Rue Robert Krieps an eng Autosgarage agebrach.
© RTL Archivbild

Déi onbekannten Täter koume mat engem däischtere Renault Megane bäigefuer a sinn agebrach. E puer Ween goufe beschiedegt, ier si sech mat engem sëlwergroe BMW Z4 mat de Placken "Occasion" iwwert déi franséisch Grenz duerch d'Bascht gemaach hunn.

An der Géigend vun Aubange an der Belsch gouf géint 5 Auer e Renault Megane fonnt, deen do a Brand gestach gi war.

De geklaute BMW mat den opfällege Placken gouf kuerz Zäit drop bei engem weidere Vol a Frankräich gesinn.

Weider Abréch

Wéi d'Police mellt, gouf an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg queesch duerch d'Land agebrach. Dat zu Mënsbech an der Haaptstrooss, zu Contern an der Rue Bellevue, an der Stad an der Rue de Chicago, zu Ollem an der Rue Franklin Roosevelt an nach zu Hesper an der Rue Jules Diederich.

An der Stad, an der Rue Jos Junck, gouf e Freideg tëscht 18.30 an 20.30 Auer nach en E-Bike vun der Mark FLEBI geklaut. Den Onéierlechen hat d'Schlass vum Vëlo, dat geséchert an der Strooss stoung, geknackt.

Back to Top
CIM LOGO