Eng Noriicht huet dës Woch definitiv d’Aarbecht an den Noriichteredaktiounen dominéiert, an zwar de Krich am Iran. Dat hunn och vill Kanner matkritt. Mir erkläre mat Grafiken, wéi et dozou komm ass a wisou e sech an der ganzer Regioun verbreet. A mir erklären och, wisou et zum Beispill zu Dubai net méi sécher ass a Lëtzebuerger mam Fliger zeréckgeflu ginn.
Mir schwätzen awer och iwwert déi beschte Filmhënn. Vill Leit kenne jo den Oscar, ee berüümte Filmpräis. Mee kennt der och de Fido, de Präis fir de beschten Hondsschauspiller? Aner Theme sinn een neien nationale Rekord op den 200 Meter, ee Kannerbuchauteur zu Lëtzebuerg an am Kader vum Dag vun de rare Krankheeten, erkläre mir, firwat déi esou heeschen a firwat et esou wichteg ass, op déi Krankheeten opmierksam ze maachen.
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen