
Véier Blesséierter e Samschdeg den Owend géint 19.45 Auer an engem Accident um CR356 tëscht Iermsdref a Suewelbuer. En Auto war hei op d’Kopp geroden, mellt de CGDIS. Nieft Rettungsekippen aus der Géigend a véier Ambulanzen aus der Fiels, Miersch an der Nordstad, war och de SAMU aus der Stad op der Plaz, fir sech ëm déi Blesséiert ze këmmeren.
E Sonndeg de Moie fréi ëm eppes no 4.30 Auer louch en Auto zu Ueweraanwen an der Rue du Coin um Daach. Hei mellt de CGDIS ee Blesséierten, ëm dee sech eng Ambulanz vum Findel gekëmmert huet.