E puer Dausend Leit waren an der Stad, fir un dem Marsch deelzehuelen an op dës Ongläichheeten opmierksam ze maachen. Et si Membere vu feministeschen Organisatiounen, Gewerkschaften, politesche Parteien, zivilgesellschaftleche Gruppen an einfach Privatpersounen, déi um 8. Mäerz, dem internationalen Dag fir Fraerechter, mat duerch d’Stad marschéiert sinn, fir eben op ganz ënnerschiddlech Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen.
Organiséiert gëtt d‘Marche vun der Plattform JIF, dat fir „Journée Internationale des Femmes“ steet. En Zesummeschloss vu feministeschen Organisatiounen, Gewerkschaften an Initiativen aus der Zivilgesellschaft. Um Weltfraendag gëtt dacks iwwer Gläichberechtegung an der Gesellschaft, am Beruff, an an der Politik geschwat. Mee och an der Medezin spillt d‘Fro vun der Gläichstellung eng wichteg Roll. Maxime Miltgen, Member Plattform JIF.
“Weltwäit wäert et nach mindestens 123 Joer daueren, bis an alle Beräicher Fraen a Männer gläichberechtegt sinn. Och hei zu Lëtzebuerg hu mir nach ganz vill Problemer an dëst Joer hu mir d‘Thema “Santé“ an de Mëttelpunkt gestallt, well an der Santé, souwuel och an der Recherche, wéi och bei de Medikamenter etc. Fraen nach ëmmer ze kuerz kommen. De männleche Kierper nach ëmmer als Norm geholl gëtt, Fuerschungsgelder feelen, an dat huet een immensen Impakt op d‘Gesondheet an d‘Liewensqualitéit vun de Fraen.”
Frae wiere méi vu Prekaritéit getraff, penibeler Aarbecht, Karrièresënnerbriechungen a Gewalt, sou d’JIF. Dat géif op déi kierperlech a mental Gesondheet drécken. An och Gewalt ass eng Fro vun ëffentlecher Gesondheet, sou d‘Cléo Thoma vum CID fir Fraen a Gender an hirer Ried um Knuedler.
“Sexistesch, sexuell, rassistesch an institutionell Gewalt zerstéiere Kierper a Liewen. Mir fuerderen eng séier a niddregschwelleg Prise en charge vun all Affer, gratis a spezialiséiert psychotraumatech Therapien ouni Limitt wat d‘Zuel vun de Sëtzungen ubelaangt an eng besonnesch Opmierksamkeet fir Kanner, déi Gewalt erliewen. En Trauma bleift am Kierper, an eng Gesellschaft déi Gewalt toleréiert, produzéiert Krankheet.“
Donieft ass et d’Fuerderung, fraepezifesch Krankheete wéi Endometrios zum Beispill unzeerkennen a spezifesch Congésdeeg fir chronesch Krankheeten anzeféieren. D’JIF fuerdert och eng onofhängeg Kommissioun, déi gynekologesch Gewalt kéint iwwerwaachen an de Suivi vu Plaintë maachen. An d’Recht op d’Ofdreiwung, dat jo dës Woch als Fräiheet an der Verfassung verankert gouf, sou d‘JIF, soll vun 12 op 14 Wochen eropgoen.