2020 gouf d’ASBL “eran, eraus... an elo?” offiziell an d’Liewe geruff. D’Grënnungsmemberen hu selwer Erfarung mat der Justiz an am Prisong gesammelt a sech d’Zil gesat, géint d’Problemer vum System virgoen, déi si hei wouergeholl hunn. Hir Aarbecht fänkt net eréischt bei der Entloossung un a hält och net do op. Si begleet déi Betraffen am Virfeld, wärend der Zäit am Prisong an och duerno – bei juristeschen, administrativen oder ganz praktesche Froen.
”Mir hu weder e Psycholog nach soss eng therapeutesch Ausbildung. Et geet wierklech drëm, e Bréif fortzeschécken, e Proprietär ze kontaktéieren, e Rendez-vous ze organiséieren. Da komme mer d’Leit zum Deel an de Prisong sichen, féiere se op de Rendez-vous an duerno zréck. Also wierklech einfach Saachen, déi - wann een am Prisong ass - vill mi schwéier ze organiséiere sinn, wéi wann een net am Prisong ass”, erkläert de Christian Richartz, dee fir d’ASBL schafft.
Déi meescht vun de Prisonéier kontaktéieren d’ASBL an der Virbereedung op hir Entloossung. Dësen Ament, op den an der Reegel gewaart a gehofft gëtt, ass dacks mat ville Problemer verbonnen. Och de Patrick* huet dat esou erlieft.
“Du gëss entlooss, mä du gëss awer net encadréiert. Du gëss einfach erausgelooss. Du kriss keng Schlofplaz, du hues jo och keng Suen a keng Moyenen. En plus kënns de eraus an du kanns néierens postuléieren, well du kanns jo just soen: ‘Ech komme grad aus dem Prisong’. Kee Mënsch gëtt der da fräiwëlleg eng Wunneng.”
D’ASBL huet zwar keng eege Wunnengen oder Aarbechtsplazen, mee si kann op e Reseau vu Kontakter zeréckgräifen - eng Bréck, déi dacks scho vill hëlleft. Donieft probéiere si op alle méigleche Plattformen, fir d’Theema ze sensibiliséieren.
”Mir wëllen, dass d’Mënschen, déi aus dem Prison erauskommen, hire Wee an d’Societéit fannen. Mir wëllen, dass se net mussen erauskommen an de ganze Bagage - dee se souwisou scho virdrun haten - nach méi schwéier ginn ass, duerch de Prisong”, sou de Gregory Fonseca, President vun der a.s.b.l.
*Dës Persoun huet anonym ausgesot, den Numm gouf vun der Redaktioun geännert.