Sonndesinterview mat der Dr. Emmanuelle Wilhelm"D'Fuerschung vum weibleche Kierper ass staark am Réckstand"

Céline Spithoven
Frae ginn an der Medezin net ëmmer d'selwecht behandelt. D'Fuerschung weist, dass Medikamenter, Diagnosen an Etüden dacks op Männer ausgeriicht waren.
© Erea Azurmendi

Um Weltfraendag gëtt dacks iwwer Gläichberechtegung am Beruff, an der Politik oder an der Gesellschaft geschwat. Mee och an der Medezin spillt d’Fro vun der Gläichstellung eng wichteg Roll. Genee dorop mécht d’Fuerscherin an Doktesch Emmanuelle Wilhelm opmierksam. Si kënnt aus Lëtzebuerg, ass Neurowëssenschaftin a fuerscht zu Madrid zum Thema Parkinson. Fir si war Gläichberechtegung am Ufank vun hirem Studium keen Thema.

Ech hunn ni sou driwwer nogeduecht, och am Medezinstudium ware mir sou 50/50 representéiert.

Méi spéit gëtt si ëmmer méi mam Sujet konfrontéiert a fänkt u méi drop opzepassen an tatsächlech koume vun deem engen oder aneren Aarbechtskolleeg Remarken. “Do duecht ech mir, dat ass scho bësse sexistesch.

Obwuel ëmmer méi Fraen an der Fuerschung schaffen, weltwäit si ronn 31 bis 33 Prozent vun de Wëssenschaftler weiblech, existéiert nach dat klassescht Bild, dass Männer méi rational, méi séier an an der Fuerschung méi kreativ sinn, erkläert déi jonk Fra. Si selwer hätt awer dacks an enk mat anere Fraen zesummegeschafft an dat net nëmme kollegial, mä och an der Relatioun “Dokter a Patient”.

Parkinson ass eng Krankheet, déi méi dacks bei Männer virkënnt, ma am Kader vun enger Etüd mat Young-Onset-Parkinson-Patienten, huet d’Emmanuelle Wilhelm och mat méi weibleche Patienten zesummegeschafft a konnt doduerch villes léieren.

© Parentingupstream from Pixabay

Frae vun Dokteren dacks net eescht geholl

Sou munch Parkinson-Patientinnen, mat deenen d’Doktesch vill Zäit am Labo verbruecht huet, hunn erzielt, mat hire Froen oder Symptomer net richteg nolauschtert ze kréien.

Patientinne sëtzen an de Consultatiounen an hunn d’Gefill, dass hir Froen net eescht geholl ginn oder net richteg beäntwert ginn.”

Dëst féiert heiansdo dozou, dass Frae bei verschidde Doktere ginn, bis si endlech eng Diagnos oder Erklärung kréien. Fir Dr. Wilhelm ass dat e Signal, dass de Gesondheetssystem sech weider entwéckele muss, fir dass all Patient sech bei enger Consultatioun op d’mannst nogelauschtert fillt. Dat anert wier “bëssen traureg, well et mir d’Impressioun gëtt, dass mir eis Aarbecht net richteg maachen.

Gläichzäiteg betount Dr. Wilhelm awer och, dass dëst net ëmmer un engem Manktem u Wëllen oder Interessi vun de Doktere läit.
De Gesondheetssystem steet haut ënner groussem Drock. Vill Doktere musse vill administrativ Aufgaben iwwerhuelen, Formulairen ausfëllen oder mat bürokratesche Prozesser beschäftegt sinn. Doduerch bleift heiansdo manner Zäit fir d’Gespréich mam Patient. D’Diagnostik bei de Frae kann also dacks méi laang daueren, awer net nëmme wéinst der Zäit vum Dokter mee och wéinst dem Wëssen.

© Erea Azurmendi

Anert Geschlecht, aner Symptomer

En anere wichtege Punkt ass, dass Symptomer vu Krankheete bei Fraen an Männer net ëmmer déi selwecht sinn. Vill Beschreiwungen an de medezinesche Léierbicher baséieren historesch op Observatioune bei männleche Patienten. Dat huet dozou gefouert, dass déi sougenannt “klassesch” Symptomer vu verschiddene Krankheete virun allem op de männleche Kierper ausgeriicht sinn. Wa Fraen dann aner oder méi subtil Symptomer weisen, besteet d’Gefor, dass dës méi spéit erkannt oder net direkt mat der richteger Krankheet a Verbindung bruecht ginn.

D’Neurowëssenschaftlerin Dr. Emmanuelle Wilhelm erkläert, dass dëst an der Praxis e reelle Problem ass. Als bekannt Beispill nennt si den Häerzinfarkt. “D’Fraen hunn dacks aner Symptomer”, seet si. Nieft de klassescher Péng an der Broscht, kënnen och Middegkeet, Iwwelzegkeet, Otemnout oder en allgemengt Gefill vu Malaise optrieden. “Si kënnen och einfach d’Gefill hunn, dass hinnen e bësse schlecht ass oder dass se méi midd sinn”, erkläert d’Fuerscherin.

© unknownuserpanama/Pixabay

Well dës Symptomer manner typesch sinn, gi se heiansdo méi spéit mat engem Häerzproblem a Verbindung bruecht. Dat ka geféierlech sinn, well bei esou Krankheete séier muss gehandelt ginn. Dofir misst d’Thema vun de sougenannte Sex- a Gender-Differences an Zukunft méi staark an d’Formatioun vun Dokteren integréiert ginn. Nëmmen esou kann d’Medezin besser op d’Realitéit vu béide Geschlechter agoen an verhënneren, dass wichteg Symptomer iwwersi ginn. Fir Dr. Wilhelm ass et dofir net nëmme wichteg, dass Dokteren iwwer dës Differenzen informéiert sinn, mee och d’Allgemengbevëlkerung. “Dat sinn liewensgeféierlech Situatiounen an ech mengen, do muss een och d’Population générale besser educéieren”, betount si.

An e weidere Facteur spillt nach mat a puncto Häerzmassage. Statistesch gesinn, gëtt bei Frae manner dacks Éischt Hëllef geleescht, well et verschidde Leit onangeneem ass, d’Broscht vun der Fra ze beréieren. Dat sollt awer an esou enger Situatioun keng Roll spillen.

Weibleche Kierper reagéiert anescht op Medikamenter

Nieft de Symptomer ginn et och Ënnerscheeder an der Wierkung vu Medikamenter tëschent Fraen a Männer. Ee wichtege Grond dofir ass, dass medezinesch Fuerschung laang Zäit virun allem op Männer ausgeriicht war. Frae goufen an der Vergaangenheet dacks aus klinesche Studien ausgeschloss, besonnesch no enger Partie medezinesche Skandaler. “Enn vun de Siwwenzeger Jore si Frae ganz ausgeschloss ginn aus de klinesche Studien”, erkläert d’Fuerscherin Dr. Emmanuelle Wilhelm. De Grond dofir war, dass Fuerscher Angscht haten, Frae kéinte wärend enger Etüd schwanger ginn an esou d’Kand a Gefor bréngen. Mä och d’Menstruatioun war e Facteur, deen Fuerschung méi komplizéiert gemaach huet, sou dass d’Erfuersche vun Donnéeë vu Männer statistesch dee méi einfache Wee war.

Dës Differenzéierung hat awer laangfristeg Konsequenzen. Vill Medikamenter goufen haaptsächlech um männleche Kierper getest an d’Doséierungen oder Niewewierkunge goufen op Basis vun dëse Resultater festgeluecht. Dobäi funktionéiert de Kierper vun enger Fra an e puer Beräicher anescht. “Mir hunn nach bëssen di Iddi, dass Frae kleng Männer sinn, an dat ass net wouer”, seet Dr. Wilhelm. Fraen hunn eng aner Kierperkompositioun, en anere Stoffwiessel an och hormonell Ënnerscheeder, déi d’Wierkung vu Medikamenter beaflosse kënnen.

Dr. Emmanuelle Wilhelm iwwer medezinnesch Ënnerscheeder tëscht Fra a Mann
Frae ginn an der Medezin net ëmmer d’selwecht behandelt. D’Fuerschung weist, dass Medikamenter, Diagnosen an Etüden dacks op Männer ausgeriicht waren.

Dat kann dozou féieren, dass Medikamenter bei Fraen anescht wierken oder méi Niewewierkungen hunn. D’Dr. Wilhelm nennt als Beispill Schlofpëllen. “D’Fraen haten den nächste Moien nach vill méi héich Quantitéiten am Blutt vun der Schlofpëll”, erkläert si d’Resultater vun enger Etüd. Doropshin hunn d’Gesondheetsautoritéiten d’Doséierung fir Fraen ugepasst an recommandéiert, méi kleng Dosen ze huelen.

Fir d’Fuerscherin weist dëst, wéi wichteg et ass, dass Fraen an Männer an der medezinescher Fuerschung gläichméisseg berécksiichtegt ginn. Nëmmen esou kënnen Traitementer entwéckelt ginn, déi fir all Kierper optimal funktionéieren. Eng modern Medezin misst dofir ëmmer méi genee kucken, wéi Medikamenter bei verschiddene Geschlechter wierken, fir besser a méi sécher Behandlungen ze garantéieren. Haut probéiere Fuerscher dës Diskrepanz lues a lues opzefänken, mee dat ass net einfach. De Réckstand ass sou grouss, dass enorm Investitioune gebraucht ginn.

Dr. Wilhelm weist drop hin, dass Analysen aus den USA schätzen, dass ongeféier 15 Milliarden Dollar an den nächste fënnef Joer an d’Fuerschung iwwer d’Fraegesondheet investéiert misste ginn, fir d’Lück tëscht der Fuerschung iwwer Männer a Fraen ze reduzéieren. Dëst weist, wéi grouss den historesche Réckstand tatsächlech ass. Gläichzäiteg ënnersträicht et, dass Fraegesondheet nach ëmmer net déi selwecht Prioritéit an der Fuerschung huet wéi aner Beräicher.

Trotzdeem gesäit si och positiv Entwécklungen. De Sujet kritt ëmmer méi Opmierksamkeet, souwuel an der Wëssenschaft wéi och an der Gesellschaft. Och ëmmer méi Frae schaffen haut selwer an der Medezin an an der Fuerschung, wat dozou bäidréit, dass fraespezifesch Froe méi dacks opgeworf an ënnersicht ginn. Fir Dr. Wilhelm ass dat e wichtege Schrëtt, fir d’Medezin an Zukunft méi gerecht a méi präzis ze maachen. Dës weidere géifen och ëmmer méi privat Persounen a Gesondheets-Technologien investéieren, well si an der Medezin keng Léisung fir hire Problem fonnt hunn. Och dat wier e Marché, dee sech immens entwéckelt a weider Virdeeler fir d’Medezin bréngt.

Back to Top
CIM LOGO