D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Kanner a Vitesskontroll, Friddensgespréicher, Allergie duerch Zecken

Julie Thilges
Tim Morizet
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 21. Juni 2026
Kanner a Vitesskontroll, Friddensgespréicher, Allergie duerch Zecken

Hei kucke mer op de Krich tëscht den USA an dem Iran zréck, wéini en ugefaange huet, vereenzelt Grënn dohannert, d'Konsequenzen, a wéi et soll viru goen. Dës Woch gouf sech op éischt Friddenspläng gëeenegt, ma wéi geet et elo virun?  

Soss schwätze mir iwwert eng Allergie op rout Fleesch, déi duerch en Zeckebëss kann ausgeléist ginn. Wéi ass dat méiglech, a wéi gesäit esou eng Allergie aus? Mir erklären, wat Zecke sinn, a wéi si engem Mënsch eng Allergie kënne ginn.

Dann ass nach eng oppe Schwemm an der Stat geplangt, dee Projet gëtt kuerz virgestallt, a mir ginn e klenge Bléck op eng Theaterbün an der Tierkei. Do gouf Romeo & Julia opgefouert, an eng Kaz huet sech wärenddeem op der Bün ameséiert.  

An am Reportage: Mat 35 oder méi duerch eng 20er-Zon? Fir d'Awunner an d'Schoulkanner zu Bartreng ass dat leider eng alldeeglech Realitéit. Och wärend der Schoulzäit. Dat ass net just verbueden – mee och geféierlech. Well am Shared Space vill Autoe sech net un de Code de la Route halen huet de Kannergemengerot decidéiert eng Vitesskontroll zesumme mat der Police ze maachen – a mir hunn d'Kanner dobäi begleet. 

Mat engem richtege Radar hunn d'Kanner d'Vitess gemooss. Wien ze séier war, krut dës Kéier awer kee Protokoll – mee eng aner kleng Strof.  

Wat d'Kanner amplaz vun enger Strof verdeelt hunn a wat d'Automobiliste vun der Aktioun halen, dat gesitt dir e Sonndeg an de Kannaniuss.  

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.  

Wat sinn d'Kannaniuuss?  

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D'Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play. 

Back to Top
CIM LOGO