Invité vun der Redaktioun (14. Februar) - Félix EischenAn der Chamberfraktioun gëtt et kee grousse Problem mam Fränk Engel

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der CSV eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Félix Eischen
En Donneschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der CSV eisen Invité vun der Redaktioun.

„De Poste vum Generalsekretär huet mech interesséiert, well ech wollt der Partei eppes erëmginn!“: Dat sot den CSV-Deputéierte Felix Eischen en Donneschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun. Seng Partei, déi fir d'zweet noeneen an der Oppositioun ass, misst sech nei opstellen. Si hätt sech ëmmer nees erneiert, ma elo wär et interessant, well een ebe weider an der Oppositioun wär.

De Frank Engel ass jo neie President vun der CSV, an der Partei géif et brodelen, also rumoueren, hat d'Tageblatt dës Woch geschriwwen...de Félix Eischen mengt, dat misst ee relativéieren. Hie géif dem Tageblatt dat esou net gleewen, well et einfach net esou ass. Hie wéist och net wou se do dru kommen. Et gouf eng Wal, et gouf war e Kongress... do hu sech 2 Kandidate presentéiert an den Här Engel wier do als Gewënner erausgaangen. Dat wier elo sou. Elo géif een zesummeschaffen, an de Félix Eischen gesäit net, wou dat elo soll e grousse Problem sinn.

De Félix Eischen

D'Wal vum President wär alles ganz demokratesch ofgelaf, mat passionanten Diskussiounen am Virfeld.

Op d'CSV-Lëscht fir d'Europawalen ugeschwat, déi nach net virläit, sot den neien CSV-Generalsekretär, datt hien net kéint soen, ob d'Viviane Reding Kandidatin fir déi Wale wier. En Donneschdeg de Mëtteg um 12 Auer géif ee sech eng 1. Kéier mat der Walkommissioun am Weiserot gesinn an iwwer Proposen diskutéieren. Hie kéint deem net virgräifen.

Den Datum fir d'Presentéiere vun där Lëscht misst iwwerdeems nach confirméiert ginn, sou de Félix Eischen um Donneschdeg de Moien bei eis op der Antenn.

En Donneschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der CSV eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO