EschAn der Éilerenger Strooss huet et um Dënschdeg de Moie gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Hausbrand zu Esch an der Éilerenger Strooss/CR110 gouf de Rond-point an der rue Henri Koch beim Lycée Guillaume Kroll fir den Trafic gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no war de Brand net weider schlëmm an e war och séier geläscht. D'Strooss war kuerz no 8.30 Auer nees fir den Trafic op. De CGDIS mellt, dass eng Persoun beim Virfall blesséiert gouf an dass d'Feier am Keller vum Gebai ausgebrach war.

Back to Top
CIM LOGO