Virun Hannergrond vun neier DefensestrategieLëtzebuerg kritt en neie juristesche Kader fir d'Waffeproduktioun

RTL Lëtzebuerg
Alleguerten d'Waffen an déi aner Defense-Objeten, déi an Zukunft zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, mussen obligatoresch via e Regëster tracéiert kënne ginn.
Den entspriechende Gesetzesprojet gouf vum Wirtschaftsminister Lex Delles am Regierungsrot presentéiert.
© ENERGIE

Lëtzebuerg gëtt sech en neit Waffegesetz respektiv e juristesche Kader fir d'Defenseindustrie. E Freideg huet de Wirtschaftsminister Lex Delles am Regierungsrot en neie Gesetzprojet presentéiert, mat deem de legale Kader fir d'Produktioun vun Artikelen fir d'Defense hei am Land ugepasst gëtt. Den Text ass virum Hannergrond vun der neier Defensestrategie ze gesinn, déi de Grand-Duché zejoert am Mäerz ugeholl huet, an déi sech an den internationale Kontext an d'Virschrëften vun der Nato aschreift.

D'Firme mussen an Zukunft en obligatoreschen Agrement vum Wirtschaftsministère ausgestallt kréien, deen ass derfir zoustänneg, fir ënnert anerem d'Honorabilitéit vun de Responsabelen, d'Struktur vun der Entreprise an d'Sécherheet vun den Infrastrukturen an dem Stockage z'iwwerpréiwen. D'Aktivitéiten dierfe kee Risiko fir d'Sécherheet duerstellen. Als riskant gëllt virun allem alles wat mat Spionage, Terrorismus, Massevernichtungswaffen, Cyberkriminalitéit an der organiséierter Kriminalitéit ze dinn huet.

Alleguerten d'Waffen an déi aner Objeten, déi an Zukunft zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, mussen obligatoresch via e Regëster tracéiert kënne ginn. D'Kontroll soll mat Hëllef vun der Douane assuréiert ginn. Den Text mécht dann och en Ënnerscheed tëscht industriellen Defenseaktivitéiten an dem zivillem Waffegebrauch.

Weider Detailer fannt Dir an dësem Schreiwes vum Ekonomiesministère

Back to Top
CIM LOGO