"Bruddermord" vun EschAn der Suite vum Prozess goung et ëm Abus de faiblesse

RTL Lëtzebuerg
E Matugekloten kritt virgehäit, vun der Schwächt vun der Mamm profitéiert ze hunn, fir ronn 515.000 € vun hir ze kréien.
© RTL Archiv

Et ass eng Suite vum Prozess ëm de "Bruddermord" vun Esch, am Dezember 2014: de Prozess ëm ënnert anerem en Abus de faiblesse vun der Mamm vun de Bridder duerch de Matugeklote vun deemools. De 37 Joer ale Mann war am Appell vum Bruddermord-Prozess ënnert anerem zu zwee Joer Prisong veruerteelt ginn, dat well hien dem Auteur, dee liewenslänglech kritt hat, e falschen Alibi ginn an him en Auto fir seng versichte Flucht bereet gestallt hätt.

"Bruddermord" vun Esch - Rep. Eric Ewald

Elo kritt hie virgehäit, vu Juli 2015 bis Februar 2017 vun der Schwächt vun der Mamm profitéiert ze hunn, fir ronn 515.000 € vun hir ze kréien.

D'Fra hat am Januar 2017 Plainte gemaach, sot den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire. Si hätt déi Zäit nach just 7.000 € gehat; dobäi hat si eng 550.000 € geierft. De Beschëllegten hätt d'Fra, déi hien als eegent Kand ugesinn hätt, dozou bruecht, him Suen ze ginn, andeems hie si, Zitat, „agetext huet“: Da wär si opgaangen. Den Ugekloten hätt 2014 scho wëlle mat un d'Ierfschaft vum dono verstuerwene Brudder kommen, nodeems deen anere Brudder dowéinst am Prisong war, hätt de Beschëllegte sech, Zitat, „bei der Fra agenist, ier si d'Sue krut“. Den Ugekloten hätt vun hirer finanzieller Situatioun gewosst, woubäi d'Fra him hätt wëllen ënnert d'Äerm gräifen. De Polizist huet d'Fra als, Zitat, „Spuerschwéngchen op zwee Been“ betitelt, de Beschëllegten hätt iwwerdeems an engem Message u seng Frëndin geschriwwen, dass an engem Joer alles sou wär, wéi hien et wéilt.

E Psychiater, deen d'Fra 3 mol gesinn hat, huet erkläert, si hätt vun 2009 un ënner Curatelle gestanen a wär scho vun anere Liewenspartner ausgenotzt ginn. Bei der Fra wär eng bipolar Perséinlechkeet festgestallt ginn, nieft engem zäitweilegen Alkoholabus. Vun hire Problemer an hirer, Zitat, „grousser Vulnerabilitéit“ hätt den Ugeklote gewosst, si hätt dem Mann awer och hëllefe wëllen. 2016 hätt d'Fra den Abus matkritt, géif awer keng Roserei weisen: Si hätt dem Mann och net kënnen entkommen.

De Beschëllegten huet d'Faiten, déi him virgehäit ginn, selwer an enger Zort Plädoyer kontestéiert, woubäi hien ëmmer nees vum President vum Geriicht gezësst gouf. De Mann huet vu falsche Beschëllegunge géint hie geschwat. Do virdrun hat de Me Marc Lentz, als Affekot vun der Partie civile, de materielle Schued vu 515.000 € erëmgefrot, nieft 25.000 € moraleschem Schuedenersatz fir d'Fra.

Dëse Prozess soll en Donneschdeg de Mëtten op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO